Fir de Lëtzebuerger eSport war lescht Woch eng ganz Besonnesch. Et gouf nämlech eng Participatioun op der Weltmeeschterschaft vum Spill eFootball 22.

Wat virtuelle Fussball ugeet, huet FIFA weltwäit ganz kloer d’Nues vir. Et ass e Spill, dat den Daniel awer ni esou wierklech begeeschtert huet. Säin Häerz schléit zanter 15 Joer fir Pro Evolution Soccer, kuerz PES. An obwuel et ni säin Zil war Profi-eSports-Gamer ze ginn, huet en enges Daags decidéiert, d’Chance ze ergräifen. Zanter 3 Joer huet hien e Niveau ereecht, deen et him erméiglecht huet, fir zwee eSports-Veräiner ze spillen.

Virun e puer Woche koum dunn d’Opportunitéit fir un der Weltmeeschterschaft an Israel deel ze huelen. De 24 Joer ale Lëtzebuerger mat portugisesche Wuerzele konnt sech an der Qualifikatioun géint Monaco, Spuenien, Litauen, Portugal a Schweden duerchsetzen an ass elo lescht Woch fir Lëtzebuerg an Israel géint déi beschte Gamer vun der Welt ugetrueden.

Een Nodeel hat dat Ganzt awer. Dem Daniel no gouf um Turnéier nämlech net Pro Evolution Soccer 2021 gespillt, mee eFootball 2022. E Spill, dat knapps aus der Beta-Versioun eraus ass. Online géint aner Profien untriede fir ze trainéiere war also leider net méiglech. Hien huet misse wochelaang géint de Computer trainéieren, wat vun engem reellen Turnéier-Ëmfeld, natierlech wäit fort ass. An wien elo mengt, den Daniel hätt Stonnen a Stonne mat Training verbruecht, deen iert sech. Zwee bis dräi Stonnen den Dag, méi soll an dierf et och net sinn.

Lauschtert hei den Daniel virun der Weltmeeschterschaft.

eSport geet nämlech net ouni Sport. Dat seet och de Joe Hoffmann, President vun der Luxembourg eSport Federation. 10 Stonnen den Dag mat zocke verbréngen, wier nämlech fir de Kierper fatal. Et sollt een och als Profi-Gamer op seng mental a physesch Gesondheet oppassen.

Am Allgemenge gëllt et ze betounen, dass de Cliché vun engem Gamer, deen onsozial an ongefleegt an engem Keller sëtzt, der Vergaangenheet ugehéiert. Gaming ass mëttlerweil Mainstream a fest an der Popkultur verankert. Eng positiv Entwécklung, déi een och hei zu Lëtzebuerg gemierkt huet. Virun allem wärend der Corona-Pandemie huet déi ganz Industrie en immensen Opschwong erlieft. Lescht Joer goufen nämlech eleng duerch eSport op der ganzer Welt ronn 1 Milliard Dollar ëmgesat.

Wien da wéi den Daniel selwer Profi-Gamer wëll ginn, kann dat och hei zu Lëtzebuerg maachen. Et sollt een sech, dem Joe Hoffmann no, awer ganz kloer Gedanke maache wat genee engem seng Ziler sinn. Wien et wëll professionell maachen, muss sech och fir ë gewëssen Training engagéieren. Wéi een sech dann am beschte soll uleeën, do kann engem d'Luxembourg eSport Federation weiderhëllefen, déi néideg Kontakter ze kréien.

Highlights fir de lëtzebuerger eSport waren dëst Joer da virun allem d'Orange eLeague an natierlech och d'lëtzebuerger Participatioun op der EILAT 2021 an Israel. Hei goufen dann och vum Joe vill verschidde Kontakter geknäppt, déi och der Zukunft vum eSport hei zu Lëtzebuerg ze gutt kommen. Et wier, dem Joe no, an Zukunft nach vill fir de lëtzebuerger Marché geplangt.

Lauschtert hei den Interview mam Joe Hoffmann.

Och den Daniel huet eis am Interview no sengem Retour verséchert, dass hien als Profi wéilt weidermaachen. Säi But wier et, Lëtzebuerg nach op villen anere Competitiounen ze vertrieden. Fir hien war et nämlech déi éischte Kéier, dass hien op esou engem professionellen Turnéier am Ausland konnt matmaachen.

Op der EILAT 2021 an Israel konnt den Daniel sämtlech Matcher an der Gruppephase fir sech entscheeden. Esou konnt hien sech direkt fir d'Véierelsfinall qualifizéieren an där hier allerdéngs géint de Gamer aus Georgien verluer huet, dee spéiderhin och d'Turnéier fir sech entscheede konnt. Eng fënnefte Plaz also fir Lëtzebuerg an e Resultat, mat deem esouwuel den Daniel, wéi och d'Luxembourg eSport Federation immens zefridde sinn.

Lauschtert hei dem Daniel säi Fazit no sengem Retour.