Laang gouf et keng Méiglechkeet sech schonn am Viraus géint Borreliose ze schützen. Dat kéint awer elo ganz geschwë méiglech sinn.

Se gi vu ganz ville Leit gehaasst an och gefaart: Zecken! An dat zu Recht. Well déi kleng Bluttsëffer kënnen eis effektiv geféierlech Krankheeten unhänken. Géint Borrelios gouf et bis elo kee wierkleche Schutz. US-Fuerscher vun der Yale University sollen do awer elo een Duerchbroch erziilt hunn.

Lauschtert hei eran!

D'Borrelios kann eisem Kierper op ganz verschidde Manéiere schueden. Wéi zum Beispill andeems d'Bakterie eis Haut, eis Nerven, eist Häerz oder och eis Gelenker attackéiert.
Den vun dëser neier Impfung riicht sech awer net géint Borrelios-Bakterie usech mee géint de Spaut vun der Zeck. D'Impfung schafft iwwregens mat engem mRNA-Wierkstoff. Esou een mRNA-Wierkstoff huet sech jo och schonn an zwee Impfstoffer géint de Covid19 bewäärt. Eis Haut soll de Fuerscher no da reagéiere wann eng Zeck sech festgehaangen huet, an esou mat Zäite bemierkt ginn. Wat eng mat Borrelios infizéiert Zeck nämlech méi eist laang Blutt suckelt, wat de Risiko sech z'infizéiere méi héich ass.

Dësen Impfstoff soll direkt e puer Virdeeler hu wéi et an der Zäitschrëft "Science Translational Medicine" heescht. Als éischt gëtt d'Géigend an der d'Zeck suckelt rout. Wouduerch mer se da séier bemierken an ewech huele kënnen. Souguer wann een d'Zeck awer net bemierke sollt, géif den Impfstoff hëllefen. Dat huet ee bei éischten Tester gemierkt. D'Zecke krute bei de geimpfte Mierschwéngecher nämlech manner séier Blutt gezaapt wéi bei den net-geimpfte Mierschwéngecher. A sinn dann och éischter erofgefall, wëll se hiren Duuscht net gestëllt kruten.

D'Stäerkt vun dësem Impfstoff wier dann och, dass en sech net eleng op d'Borrelios konzentréiert mee géint d'Zeck usech. Doduerch kéint een och virun anere Krankheete geschützt ginn.