Haut ass mam "Black Friday" an der Reegel den 1. Freideg no "Thanksgiving" gemengt. Dëse gouf fir déi éischte Kéier an den 1950er Joren esou bezeechent.

Haut kennen déi meescht de "Black Friday" als Dag op deem een am Eenzelhandel vu Prozenter op enger ganzer Partie Géigestänn profitéiere kann. Ma wann een an der Geschicht zeréckkuckt, gëtt ee gewuer, dass den Ausdrock "Black Friday" net ëmmer esou eng positiv Bedeitung hat.

Fir d’éischt ass de Begrëff an den USA nämlech am Joer 1869 opgedaucht. Deemools am Zesummenhang mat engem Ofstuerz vum amerikanesche Gold-Maart. Eng ganz Partie Leit, goufen deemools ëm hiert Erspuertes bruecht.

Haut ass mam "Black Friday" an der Reegel den 1. Freideg no "Thanksgiving" gemengt. Dëse gouf fir déi éischte Kéier an den 1950er Joren esou bezeechent. Dat vun der Police vu Philadelphia. Deemools hat den Ausdrock awer nach näischt mat Shopping ze dinn. Villméi hat d’Police dësen Dag esou genannt, well den Dag drop, also Samschdes zu Philadelphia e wichtege Football-Match stattfonnt huet. Well déi meeschte Fans dowéinst schonn en Dag éischter ugereest waren, waren d’Stroossen op dësem Freideg da schwaarz vu Leit.

Ugangs den 1960er Joren hunn d’Geschäftsleit vu Philadelphia da probéiert aus dem "Black Friday" de "Big Friday" ze maachen an de Start vum Chrëschtdagsgeschäft op dësen Dag ze leeën.

Den Numm hat sech net duerchgesat, ma haut gëllt de "Black Friday" an den USA trotzdeem als inoffizielle Start vum Chrëschtdagsgeschäft. An de spéiden 80er Jore krut den Numm "Black Friday" dann och eng nei Bedeitung. Esou gëllt dësen Dag elo als deen, op deem vill Butteker endlech ufänke schwaarz Zuelen ze schreiwen, also e Profit ze maachen.

Mëttlerweil lackelen d’Butteker d’Clienten um "Black Friday" mat Remisen a besonneschen Offeren. An dat schéngt ze klappen. Eleng zejoert haten d’Leit an den USA um Black Friday fir ronn 9 Milliarden $ online Saache kaf.

Lauschtert hei de Reportage!