De finanzielle Modell vun der Rockhal géif nëmmen dann opgoen, wann een duerch d'Entréeë vun de Concerten en Iwwerschoss vu Sue generéiere géif.

Och dat lescht Joer war fir d’Kultur keen Einfacht.  Zwar konnten hei am Land - anescht ewéi a villen aneren europäesche Länner - eng ganz Partie kulturell Offeren och wärend der Pandemie ugebuede ginn. Ma grouss Concerte mat Public konnten och hei am Land wärend enger laanger Zäit net stattfannen. Dat huet virun allem der Rockhal ze schafe gemaach. Am Kader vun enger Pressekonferenz hunn déi Responsabel vum gréisste Concertssall am Land de Bilan vun engem ustrengende Joer gezunn an en Ausbléck an Zukunft gemaach.

D’Noriicht, dass bis op Weideres keng Concerten zu Lëtzebuerg gespillt kënne ginn, wier fir den Direkter vum Conseil d’Administration vun der Rockhal, Luc Henzing e Schock gewiescht. Engersäits géif engem de Spektakel feelen. Anerersäits hätt d’Ausfale vun de Concerten awer och eng finanziell Erausfuerderung duergestallt. Et wier nämlech esou, dass de finanzielle Modell vun der Rockhal nëmmen dann opgoe géif, wann een duerch d'Entréeë vun de Concerten en Iwwerschoss vu Sue generéiere géif.

Deementspriechend war ee bei der Rockhal gezwongen nei Weeër anzeschloen, fir dem Public trotzdeem eng musikalesch Offer maachen ze kënnen. Dat hätt et engem et erlaabt de Fokus dëst Joer vill méi staark op déi lokal Musekszeen ze setzen.

An Dësem Zesummenhang wiere virun allem d’Rocklab Pop Up Sessions e grousse Succès gewiescht. D’Aarbecht un dëse Videoe wier engersäits eng Erausfuerderung, anerersäits awer och ganz flott gewiescht. Fir dës Videoen ze realiséieren, hätt een eng ganz Partei Mataarbechter aus dem Toun an der Beliichtung ëmgeschoult. Dës hätten dann zesumme mat de Museker d'Plazen, op deene gefilmt gëtt, ausgesicht, de Set montéiert, de Video opgeholl an d'Resultat dovunner ofgemëscht.

Lauschtert hei eran!

Wat den Ausbléck op dat nächst Joer betrëfft, freet een sech bei der Rockhal, dass nees gréisser Concerte stattfanne kënnen. Ma als Rockhal hätt een et sech dann och net huele gelooss en Deel vun Esch 2022 ze sinn. Dofir huet een zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem FNR e ganz besonnesche Sound-Projet ausgeschafft. Am Kader vun dësem Projet ginn nämlech alldeeglech Geräischer geholl an da mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz zu Musek, verschafft.

Trotz de finanziellen Erausfuerderungen, wäert dann am klenge Sall vun der Rockhal deemnächst e Balcon, mat insgesamt 300 Plaze fäerdeg gebaut ginn. An Zukunft wäerten deemno 1500 Leit an dësem Sall Plaz fannen.