
© pexels.com
Frae schéinen iwwerdeems däitlech méi dacks ënner Zäitdrock ze leiden ewéi Männer.
Zäitdrock op der Aarbecht oder am Studium kann zu enger Partie negative gesondheetleche Konsequenze féieren. Dës reeche vum Burn-out, bis hin zur Depressioun.
Frae schéinen iwwerdeems däitlech méi dacks ënner Zäitdrock ze leiden ewéi Männer. Zu dëser Erkenntnis komme Fuerscher vun der Universitéit Harvard a vun der Ohio State University. Dës haten am Kader vun enger Etüd am ganzen 9 fréier Etüden iwwer Zäitdrock op der Uni an am Job ausgewäert.
Dass Frae méi dacks ënner Zäitdrock leiden, soll verschidde Grënn hunn. Engersäits schaffe vill Fraen nieft der Aarbecht nach ëmmer méi am Haushalt ewéi Männer. Anerersäits kréien si awer och dacks méi Aufgaben. Sief dat op der Aarbecht oder am Kader vu Projeten, déi si op der Uni maache mussen. Dobäi kënnt dann nach, dass si manner oft no enger Extensioun froen ewéi Männer. Dat soll verschidde Grënn un. De Fuerscher no, soll et awer haaptsächlech domadder ze dinn, dass Frae méi dacks Angscht hätten, inkompetent ze wierken an hir Mataarbechter oder Studiekolleegen hänken ze loossen, wann si froe fir en Delai no hanne verréckelt ze kréien.
Ma genee esou eng Verlängerung vun engem Delai, sollt de Fuerscher däitlech méi ugebuede ginn, ewéi dat den Ament de Fall ass. Dës géif nämlech zu däitlech bessere Resultater féieren, ewéi wann eng Aufgab nach ënner enormem Stress séier iwwer de Knéi gebrach gëtt.
An enger vun deenen 9 Etüden, krut zum Beispill en Unisproff Aarbechte vu Studenten ze verbesseren. Verschiddener haten no enger Extensioun vun hirem Delai gefrot; anerer net. De Proff wosst allerdéngs net bei wéi engen Aarbechten den Auteur no méi Zäit gefrot hat. Ma an deene meeschte Fäll kruten dës Aarbechten däitlech besser Notten. D’Studente schéngen déi zousätzlech Zäit also ze notzen.
D’Fuerscher roden den Universitéiten a Patronen dann explizitt ze kommunizéiere wéi, an ënner wéi enge Konditiounen een no enger Extensioun vun engem Delai froe kann. Dat géif de Leit d’Angscht huelen an zu bessere Resultater féieren.