De QR-Code kann een am Prinzip als eng Weiderentwécklung vum Barcode, dee mir aus dem Supermarché kennen, begräifen.

Mëttlerweil sinn se aus eisem Alldag kaum nach ewech ze denken. Sief et op eisem Impf-Zertifikat oder als Method fir iwwer App um Handy ze bezuelen. D’Ried ass vun de QR-Coden. Ma wéi funktionéiere QR-Coden eigentlech? D'Äntwert op dës Fro, fannt dir an dësem Artikel.

E QR-Code ass eng zweedimensional Grafik an däer een Donnéeë späicheren an duerno nees ofruffe kann. Dës Informatioune kënnen zum Beispill eng Internetadress, e Bild oder en Text sinn. Insgesamt kënne bis zu enger hallwer Din A4 Säit un Text an engem QR Code gespäichert ginn.

Fir ze verstoen, wéi e QR-Code funktionéiert, hëlleft et dann sech eng méi al Zort vu grapheschem Code unzekucken. Barcode gesäit ee jo op all Produit, deen hei am Land an engem Supermarché verkaf gëtt. Wann een sech esou ee Barcode eng Kéier méi genee ukuckt, da gesäit een, dass ënnert de schwaarze Strécher eng 12-stelleg Zuel steet. Ma d’Strécher, aus deenen de Barcode besteet, representéiere genee dës Zuel. Dat allerdéngs an engem aneren Zuelen-System. Nämlech dem Binär-System. An dësem System kann een all Zuel, déi et gëtt als eng Folleg vun Eenten an Nullen duerstellen. D’Strécher vum Barcode stinn also fir eng Folleg vun Eenten an Nullen. Dës Strécher kënne mat Hëllef vun engem Scanner gelies a vun engem Computer verschafft ginn. Dëse kann d’Zuel dann zum Beispill mat enger Datebank ofgläichen an de Präis vum Produit un eng elektronesch Keess iwwermëttelen.

Lauschtert hei de Reportage!

Ma well een esou ee Barcode nëmmen horizontal ausliese kann, ass d’Unzuel vun den Informatiounen, déi een an esou engem Code späichere kann, deementspriechend limitéiert. Hei kommen dann d’QR-Coden an d’Spill. Hei ginn d’ Eenten an d’Nullen nämlech duerch schwaarz a wäiss Punkten duergestallt. Dës sinn dann a Form vun engem Quadrat ugeuerdent. Ma opgrond vun dëser Form, kann een dës Coden esouwuel horizontal ewéi och vertikal ausliesen. Dat erlaabt et deementspriechend méi Informatiounen an dësen ze späicheren. Dat kënnen zum Beispill Text-Dateie mat engem Numm, engem Virnumm an engem Saz dozou, ob ee géint de Coronavirus geimpft ass oder net, sinn.

Online fënnt een iwwerdeems eng ganz Partie Tools, mat deenen ee selwer QR-Code selwer erstelle kann. Hei fannt dir zum Beispill e QR-Code, deen op dësen Artikel verlinkt:

RTL

© Eldoradio / qrcodemonkey