Et ass ëmmer riskant wann een d'Geschichte vu reale Persoune verfilmt déi nach liewen. Esou ass et och beim neie Film "House of Gucci" mam Lady Gaga.

Hollywood vermëscht jo ganz gären Realitéit a Fiktioun. Just kann dat och emol bei reale Persounen déi do duergestallt ginn net ganz gutt ukommen. Virun allem ass dat och nach méi blöd, wann dat eng bekannten a räich Famill ass. Elo och nees geschitt beim Film "House Of Gucci".

Wat ass Realitéit a wat ass Fiktioun? Dat kann emol schwéier ginn z'ënnerscheeden, wann ee Filmer dréit déi op reale Geschichte "baséieren". Well dat bedeit eigentlech dacks, dass ee sech just un enger realer Story inspiréiert, an dann der Fantasie awer och nach eemol zu engem gudden Deel fräie Laf léisst.

Lauschtert hei eran!

Esou war dat och natierlech beim Ridley Scott sengem neiste Film "The House of Gucci" de Fall. De Regisseur ass hei vum Liewen an dem Prozess ronderëm Patrizia Reggiani ausgaangen. D'Ex-Fra vum Maurizio Gucci gouf zu 29 Joer Prisong veruerteelt, well et een Opdragsmäerder soll engagéiert hunn, dee säin Ex-Mann am Mäerz 1995 erschoss huet.

Am Ridley Scott sengem Film "House of Gucci" portraitéiert d'Lady Gaga d'Patrizia Reggiani, an den Adam Driver huet d'Roll vum Maurizio Gucci iwwerholl. Weider sinn och den al Pacino, d'Selma Hayek oder den Jared Leto am Film dobäi. Alleguer verkierpere si Personnage vun der Famill Gucci, déi och effektiv liewen. Ma genee do läit de Problem fir déi richteg Gucci Famill. Si soen, dass de Film d'Reggiani géif als Affer duerstellen. An dass déi ganz Gucci Famill géif eriwwer komme wéi "Kaméidismécher, déi arrogant an onsensibel vis à vis vun der Welt ronderëm sinn".

D'Famill Gucci vun haut huet iwwregens näischt méi mat der Mark GUCCI ze dinn. Dës gehéiert zanter den 90er Joren dem franséischen Entrepreneur François Pinault.