Loscht ee klenge Cocktail ze schlürfen awer keng Inspiratioun? Da probéiert et emol mat deenen heiten:

Widder

Éierlech, riicht eraus a mat engem kloren Zil virun Aen ginn eis Widderen duerch d’Welt. Well se awer och heiansdo e bëssen een Hëtzkapp kënnen hunn ass een Chili-Pepper Gin-Tonic dat Richtegt fir hir feiereg Natur. Dofir braucht der eemol een Dry gin, Tonic, a frëschen Chilli a Pefferkären fir ofzeschléissen.

Stéier 

E bëssen edel dierf et sinn, mee och net ze verréckt. Eis Stéieren halen nämlech näischt vun onnéidegem Drama an hiren Liewen. Och an hirem Glas brauche si näischt ze vill Exotesches. Eng Hot-Whiskey-Chocolate ass do genee dat Richtegt. Dëse maacht der am beschten net mat Kakaopolver, mee richtegem Zartbitter-Schockela. Dës da mat e bësse waarme Waasser a vill Mëllech schmëlzen. Duerno dann ee gudde Schotz Whiskey dobäi. Wien et gäre Fancy huet: Iwwert dem Kamäinfeier getoaste Marshmallows uewendrop loossen iech definitiv schmëlzen.

Zwilling

Zwillinge hu gären Traditiounen. Dofir ass besonnesch elo Chrëschtzäit eng ganz grouss Saach fir si. An hire Christmas-Drink bréngt hinne villäicht eng ganz neit Traditioun an d’haus. De Mistletoe-Cocktail erënnert un de Brauch, dass ee sech kësse muss wann een ënnert dem Aascht vun enger Mëspel steet.  Dofir braucht der Granatapelsirop, Kiischtejus, Kokosnossmëllech, Vodka an natierlech nach e puer Granatapelkären.

Kriibs 

Eis Kriibse hu Verännerung net onbedéngt ganz gären. Fir hinnen do entgéint ze kommen ass villäicht dëst Rezept genee dat Richtegt. Sangria verbanne mer jo éischter mam Summer, déi mer da mat eise Kolleegen op der Plage genéissen. Mee mat dëse Christmas Sangria ass een och elo am richtege Feeling, an och dës kann ee mat senge Léifsten zesummen drénken. Dofir braucht der dréchene Wäisswäin, Apel-Cider, Cranberries, klenggeschnidde gréng Äppel a Rosmarin.

Léiw 

Fir eis Léiwen muss d’Liewen ëmmer nees een extra Kick bereet halen. Well näischt ass méi schlëmm fir si wann si Langweil empfannen. Mat eisem Wanter-Cocktail fir si ass dat scho mol evitéiert. Eng Peppermint Moscow Mule dierft si glécklech maachen. Dofir braucht der crushed Äis, Ginger Beer, Granatapeljus, Limettejus, nees Granatapelkären, Vodka an als Highlight: kandéiert Peffermënz. Dat geet andeems der d’Peffermënz an d’Waasser zappt, an dann an den Zocker. Duerno musst der d’Peffermënz just dréchne loossen.

Jongfra 

Eis Jongfrae si scho Romantiker. A si sinn dofir och am Wanter elo am glécklechste wa Schnéiflacken erof kommen an et dobausse schéi wäiss ass. Well mer déi awer net garantéiere kënnen, ass de White Christmas Mojito villäicht dat Richtegt. Dëse besteet aus Zocker, Menthe, Limettejust, wäissem Rum, Kokosnoss Rum, Kokosnossmëllech an engem Schotz Spruddelwaasser! Wien et da ganz festlech wëll ka Käre vun engem Granatapel driwwer streeën.

Wo 

Zousätzlech Ustrengung ass grad absolut net dat richtegt fir eis Woen. Si hu scho genuch Stress esou, dofir soll et ganz einfach sinn an hirem Glas. Uewendrop schued eng Extraportioun Wuelfillen an Nostalgie absolut net. An do dierf dee perfekte Wanter-Drink net feelen: EggNogg! Deen ass och ganz einfach fir selwer ze maachen. Dir braucht eng frësch Vanillschot, Muskot, Kanéilpolver, Schlagsan, Mëllech, Zocker an Eegiel. Also Alkoholkomponent kënnt entweder Brandy, Whiskey oder Rum dran.

Skorpioun

Och wa se ganz verschloss wierken, stiechen an eise Skorpiounen ëmmer nach kleng Kanner, déi un dat gutt an der Welt gleewen. Dofir ass ee Wonnerstär-Mule genee dat Richtegt fir eis Optimisten. Dofir braucht der ee méi séissen Gin, e bëssen Äppelkompott, Ginger Beer an Äis. Als Garnéierung braucht der just nach nach eng Staang Kanéil an een Anäisstär. Als éischt ronn 5 cl Gin mat ongeféier 2 Iessläffelen Äppelkompott vermëschen. Dat Ganzt dann an ee Glas, crushed Äis dobäi a mat Ginger Beer opfëllen. Duerno nach Kanéil an Anäisstär dran a voila!

Schütze 

Eis Schütze gëllen als optimistesch an hu vill Loscht op Abenteuer. Dofir brauchen si och ee sprëtzege Cocktail. Dofir ass de Belsazar Rosé mat Tonic genee dat Richtegt. Dëse besteet aus dem spezielle Belsazar Rosé Wermut an eeben Tonic wéi mer en och beim Gin kennen. An d’Glas gehéiert dann och nach eng Scheif Pampelmuss.

Steebock 

Fläisseg a voller Ausdauer. Dat sinn eis Steebéck. Well se sech awer schwéier dinn mat ofschalten kann dee richtegen Drink hinnen dobäi hëllefen. Dat ass fir si den Johnnie Ginger. Dora kënnt eemol Whiskey (am Beschte keen ze torfegen), Limettejus, Ginger Ale an eng Scheif Ingwer! Kléngt simpel, mee léisst eis Steebéck nach vill méi séier a mat wéineg Opwand an d'Entspanung gleiten.

Waassermann 

Waassermänner erliewe gären Neies a sinn dofir oppe fir nei Erfarungen. Dat ass och net anescht wann et ëm Iessen an Gedrénks geet. Do kéint een Hot Toddy genee dat Richtegt sinn fir se op eng Geschmacksrees ze schécken. Do mëscht een als éischt waarmt Waasser, Sternanis, Muskot, Lorbeerblat a Kanéil zesummen a léisst et ofkillen. Duerno kënnt dann nach Hunneg, Zitrounejus a Whiskey dran.

Fësch 

Wuelfillen  an entspane steet bei eise Fësch grad an der Wanterzäit ganz uewen op der Wonschlëscht. Dat geet bekannterweis gutt mat engem leckere Schocki! Fir sech et da richteg gutt goen ze loossen mëscht der iech nach ee Schotz Baileys dran. A vergiesst net iech nach Schoklastécker, Schlagsahn, Spekuloos-Kichelcheroder soss eppes Guddes Séisses uewen op de Schocki ze streeën.