Mat der Omicron-Variant gouf elo eng weider "Variant of Concern" vum Coronavirus nogewisen.

D’leschte Mëttwoch gouf d’Weltgesondheetsorganisatioun iwwer d’Existenz vun enger neier Variant vum Coronavirus informéiert. Déi sougenannten “Omicron-Variant” vum Coronavirus gouf fir déi éischte Kéier a Südafrika a Botswana entdeckt. Ma wat ass bis ewell iwwer dës nei Variant gewosst a firwat ginn d’Coronavarianten eigentlech no Buchstawe vum griicheschen Alphabet benannt?

D’Omicron-Variant wier eng Entwécklung, déi een hätt misse komme gesinn. Dem François de Keersmaeker, Direkter vun “Ärzte der Welt” no, géif et ëmmer nees zu neie Variante kommen esoulaang an aarme Länner grouss Deeler vun der Bevëlkerung keen Zougang zu Impfstoffer kréichen.

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet d’Omicron-Variant mëttlerweil als eng sougenannte “Variant of Concern” agestuuft. Allerdéngs ginn et den Ament nach net vill wëssenschaftlech Erkenntnisser zu dëser neier Variant. Éischt Erkenntnisser deiten den Ament dorops hin, dass Mënschen, déi schonn eng Kéier mam Coronavirus infizéiert waren, sech méi liicht mat dëser neier Variant infizéiere kënnen. Zu der genereller Iwwerdrobarkeet, dem Krankheetsverlaf no enger Infektioun an der Wierksamkeet vun den Impfstoffer, ginn et den Ament nach keng geséchert Informatiounen.

Bleift nach d’Fro, wat et mam Numm “Omicron” op sech huet. Et ass jo scho gewosst, dass nei Variante vum Coronavirus no de Buschtawe vum griicheschen Alphabet benannt ginn. Mat Alpha, Beta, Gamma an Delta si jo scho “Variants of Concern” no Buschtawe vum griicheschen Alphabet benannt.

Ursprénglech waren dës Variante jo no de Länner, an deenen se entdeckt goufen, benannt. Ma well dat géigeniwwer dëse Länner diskriminéierend wier, hat een sech bei der WHO dozou entscheet, d’Varianten no de Buschtawe vum griicheschen Alphabet ze benennen.

Ma Omicron ass awer net de 5. Mä de 15. Buschtaf vum griicheschen Alphabet. Firwat also grad dëse Buschtaf? Ma verschidden aner Buschtawe ginn den Ament scho benotzt, fir aner Varianten, déi net grad esou besuergneserreegend sinn, ze bezeechnen. Eigentlech wieren elo nach d’Buschtawen Ny a Xi fräi. Ma hei wier d’Gefor vun enger Verwiesslung ze grouss. Ny kéint een nämlech am Engleschen als New verstoen a Xi ass a China e wäitverbreete Familljennumm. Dowéinst heescht déi neiste Variant vum Coronavirus dann elo “Omicron”.

Lauschtert hei de Reportage!