Sarkasmus, Ironie an vun de Momenter wou een d'Wunneng net raume wëll.

Queen’s Gambit, Squid Game, Arcane. An enger Zäit wou Streaming Servicer an aner Produktiounsfirme Filmer a Serien um lafende Band erausbréngen, kann et schwéier sinn eppes aneres wéi déi grouss Verëffentlechungen ze kucken a kleng Produktioune gi gären iwwersinn. An deem Sënn kann et sech dann heiansdo lounen aktiv no dëse klenge Bijouen ze sichen a sech iwwerraschen ze loossen. Eng Produktioun an déi ech meng Zäit des Läscht investéiert hunn, ass déi italienesch Mini-Serie Tear along the dotted Line.

Iwwer 6 Episoden verfollge mer ee 37-järegen Italiener Zero an déi kleng a gréisser Saachen am Alldag déi een opreegen. Single-Liewen, d’Sich no enger Aarbecht déi een erfëllt oder einfach nëmmen d’Mëscht am eegenen Appartement bei där een sech heiansdo einfach NET gerappt kritt fir se endlech opzeraumen. Mat beissendem Sarkasmus a vill Ironie erzielt an erkläert de Zero seng existenziell Onsécherheeten an alldeeglech Nervositéiten an als Zuschauer begleede mir seng Bewältegung vum Alldag. Dest Plainten iwwert alldeeglech Saache sinn agepackt an enger gréisser a gläichzäiteg klenger, mee tragescher Geschicht, déi déi ganz Serie zu enger zimlech ofgeronnter Experienz maachen.

Esou ongäre wéi ech Generatiounen zum Thema maache wëll, Tear along the dotted Line fänkt d’Onsécherheeten vu Millenials gutt an a presentéiert se duerch eng Lëns vu Sarkasmus a Nihilismus ouni an Extremer ze rutschen. Et ass eng kleng awer reng Comedy-Drama Serie déi een a manner wéi 2 Stonne genéisse kann an op d'mannst mech vun Zäit zu Zäit zum Nodenke bruecht huet.