Net all Bezéiung ass fir d'Éiwegkeet gemaach. An heiansdo ginn et Zeechen dofir, dass ee besser getrennte Weeër geet.

Kee Mënsch ass perfekt! Dofir muss ee sech bewosst sinn, dass wann een eng Bezéiung mat enger anerer Persoun ageet, dass een heiansdo mat verschiddenen Eegeschaften muss eenz ginn. Ma alles huet awer seng Grenzen. Hei sinn dräi esou Charakterzich déi een net muss matmaachen.

1. Et ass een dem aneren net gutt genuch

Mer hunn eis Naupen, mer hunn eis Feeler. Esou éierlech kënne mer sinn. Mee mer sollen egal wéi mer selwer sinn an enger Bezéiung. Wat ass awer, wann de Partner iech ëmmer d'Gefill gëtt, dass grad dat net gutt genuch ass fir hien? Wann der iech verbéie musst fir mat enger Persoun zesummen ze sinn, da sidd der definitiv méi glécklech wann der déi nächst Schrëtt op ärem Wee eleng hutt. Well wéi seet ee sou schéin? "Besser glécklech eleng, wéi zu zwee a schlechter Gesellschaft!"

Lauschtert hei eran!

2. Der gitt ëmmer nees einfach ignoréiert

Domat ass elo net gemengt, dass äre Partner fir eng Stonn am Eck sëtzt a motzt nodeems der gestridden hutt. Mee wann der einfach esou ignoréiert gitt, obwuel et virdru kee Sträit gouf, oder iergendeng Konfrontatioun. Well och an enger Bezéiung kann ee vum Partner "Geghost" ginn. Dat ass ee Verhalen dat iech op laang Dauer schued, well een dacks virun allem sech selwer a Fro stellt. Eng Persoun déi wierklech frou mat iech ass, ignoréiert iech net einfach esou wärend Stonnen, a gëtt iech duerno kee Grond un.

3. Sträit gëtt komplett evitéiert

Wa Mënsche mateneen ze dinn hunn, da kënnt et och ëmmer nees fir, dass et flaamt. Dat ass iwwregens och gutt fir eis! Mee et gëtt ëmmer eng Mooss. Esou wéi ze vill Sträit iergendwann net méi gesond ass, ass et och ni ze streiden. Ëmsou méi wann d'Konflikter offensichtlech sinn, awer näischt ënnerholl gëtt fir se ze léisen. Well dorëms geet et eigentlech beim Streiden: dass ee ka soen wat engem um Häerz läit, an dann zesumme kucken ob een eng Léisung fënnt.