Iesse mer am Wanter einfach méi well et iwwerall Chrëschtmäert gi mat leckere Saachen oder läit d'Ursaach bei eiser Biologie?

Dee leschte Snack ass gefillt eréischt virun 1 Minutt gewiescht, an awer grommelt de Mo nees. An dat mécht en och allgemeng elo méi dacks wéi nach an deene waarme Méint. Mee läit dat effektiv um Wanter, oder si mer lo einfach méi verfrooss?

Et ass awer och scho schwéier elo am Wanter. Dann trëppelt een duerch eng Stad, an da richt et einfach no Gromperekichelcher, Zockerwatt, Raclette oder soss eppes Guddem. Och beim Bäcker, an de Supermarchéën oder wou et soss nach eppes z'iesse gëtt ass et net einfach.
Elo de Wanter ass einfach d'Zäit vun de Leckereien. Mee hu mer méi dacks Honger well et lauter lecker Schneekegkeete ginn oder läit et un eppes anerem?

Lauschtert hei eran!

Effektiv iesse mer am Wanter méi wéi am Summer oder Fréijoer. Dat läit un de kalen Temperaturen déi eis deels am Hierscht, a virun allem am Wanter treffen. Well wann et dobausse méi kal ass, muss eise Kierper och méi schaffe fir eis duerchschnëttlech Kierpertemperatur vu 36 Grad ze halen. An do brauch en, änlech wéi ee Feier, och eppes fir ze verbrennen. Also geet eise Besoin u Kalorien an d'Luucht, fir do nozekommen.

Mee opgepasst: dat heescht elo och net, dass eise Kierper dee ganzen Dag muss mat Iesse versuergt ginn! Et ass wéi ëmmer: e bësse muss een awer oppassen. Wa mer elo eisem Kierper ze vill Kalorie ginn, huet en der méi wéi e verbrenne kann