Den hollänneschen “Sinterklaasavond”, also “Kleesechers-Owend” ass eng vun den beléifsten Traditiounen hei an Holland. Ma wat genau huet et domat op sech?

D’Festivitéiten em den Sinterklaas fänken Mëtt-November un, wou den "Sint", zesummen mat sengen Hëllefer, den "schwaarzen Pieten", an Holland ukënnt. Der So no wunnt hien a Spuenien, a kënnt soumat mam Boot ugereest, all Joers iwwert d‘Kanäler vun an enger anerer Staat. Vu Mëtt-November bis zum 5. Dezember, reest den Sint duerchert d’Land a besicht Klinicken, Schoulen an Akafszentren. Wéi zu Lëtzebuerg stellen d’Kanner hiren Schong bei d’Dier, an der Hoffnung dass de Sint e puer Séissegkeeten laanschtbréngt. Wärend dëser Zäit huet den Sint dann souguer seng eegen Fernseeserie, den “Sinterklaasjournaal”. Hei kann een sech all Owend ukucken wéi seng Preparatiounen lafen — a ganz zur Suerg vun den Kanner déi hier Cadeauen erwaarden, geet do och öfters eppes schif...

Um Owend vum 5. Dezember gëtt dann duerchert Holland den sougenannten “Pakjesavond” geféiert, also den “Cadeausowend”. Op deem Owend kënnt den Sinterklaas (meeschtens gespillt vum léiwen Noper) un d’Dier schellen, an hannerléisst en groussen Sak mat Cadeauen fir déi Kléng. Dat ganz ass awer net just flott fir d’Kanner ma och fir déi Erwuessen. Déi “wichtelen” normalerweis ënnereneen, a beschenken sech géigesäiteg mat klengen Cadeauen an kuerzen, selwer geschriwwenen Gedichter. Den 6. ass den ganzen Spaass dann eriwwer, an den Sinterklaas reest op sengem Boot erëm zeréck an Spuenien.

A well et schonn geschwënn esou wäit ass, gin ech dann och emol mäin Gedicht schreiwen. "Tot ziens" aus Holland!