Ganz vill Leit leiden ënnert dëser Form vun Angscht. Esou zum Beispill och d'Sängerin Billie Eilish .

Mer fänken direkt u mat der Iwwersetzung vum Begrëff Agoraphobie. D’Wuert setzt sech zesummen aus den algriichesche Begrëffer «Agora» wat Maartplaz heescht a «Phobie», wat «Angscht» bedeit. Dës Phobie gëtt als eng Angschtstéierung agestuuft, well se deels hefteg Auswierkungen op Betraffenen hiert Liewen huet. Persounen déi ënner enger Agoraphobie leiden hunn nämlech Angscht viru grousse Plazen, och wa se eidel sinn oder Plaze wou vill Leit beienee kommen. Se ka sech awer och weise wann ee Betraffenen eleng reese muss. Ganz dacks kommen dann och nach Panikattacken dobäi.

Virun allem zeechent sech d’Agoraphobie doduerch aus, dass se a Situatiounen ausgeléist gëtt déi eigentlech absolut net als liewensbedrolech agestuuft ginn. Dacks evitéiere betraffe Persounen kategoresch Situatiounen an deenen hir Angscht kéint ausgeléist ginn. Doduerch schränke Si sech immens staark an, a riskéieren sech dann och z’isoléieren. An hir Agoraphobie gëtt duerch d’Evitéiere vu Situatiounen nëmmen nach méi schlëmm.

A verschiddene Fäll vun der Agoraphobie, hunn déi Betraffen dann eng Begleetpersoun déi hinnen hëlleft duerch den Alldag ze navigéieren. Esou eng Persoun ass besonnesch dann immens wichteg wa Leit déi ënner enger Agoraphobie leiden, emol net hir Wunneng verloosse kënnen. Therapéiert gëtt eng Agoraphobie dann deels mat Medikamenter, mee virun allem doduerch, dass de Patient sech Situatiounen aussetzt déi d’Angscht ausléisen.