2021 war en turbulent a gläichzäiteg luest Joer an der Gaming-Industrie.

Vill Demande fir déi nei Konsole mee wéineg Offer, nei Projeten an Technologië wéi d’MetaVerse an d’Blockchain déi een an Zukunft a Spiller kéint gesinn a grouss Schrëtt géint Diskriminatioun a schlecht Aarbechtskonditiounen.

Mee wien interesséiere déi Saache scho wa mer eis déi haart Zuele vum Joer 2021 an der Gaming-Industrie kënnen ukucken.

Am Total ass d’Games Industrie vum Maart Wäert iwwert d’lescht Joer net ze vill gewuess. Wat d’Mobile Games u Valeur dëst Joer zougeholl hunn huet de PC a Konsole-Maart méi oder wéineger verluer. Esou léit de Maart Wäert am Total “nëmme” bei 180 Milliarden Dollar, also ongeféier 160 Milliarden Euro.

Änlech wéi Mobile Gaming hellt de Maart fir Digital Downloads och Joer op Joer zou. De PC Maart ass wéinst Plattforme wéi Steam an den Epic Games Store verständlecherweis zu 99% digital mee och um Konsole Maart huelen Downloads mat 78% iwwer. Nëmmen nach all 5. Konsolespill gëtt nach physesch kaf.

Dat bescht bewäerte Spill op Metacritic dëst Joer ass de Final Cut vum exzellente Spill Disco Elysium.

Ënnert de meescht berichte Spiller si Fornite a Cyberpunk un der Spëtzt bliwwe mee Resident Evil Village, Battlefield 2042 an Halo Infinite hunn och fir Diskussioune gesuergt.

Méi perséinlecht Spill-Erliefnis vum Joer war weder op Konsole nach um PC mee live, ech hat nämlech de Pleséier fir d’éischt kéier Dungeons & Dragons kënnen ze spillen an et war esou eng cool Erfarung dass ech mech nächst Joer selwer un der Dungeon Master Roll well probéieren.