Beim TikTok-kucken Honger kréien an dann direkt bestelle wat een do gesäit? Dat kéint esou ongeféier deemnächst goen.

Séier verléiert ee sech an der riseger Unzuel vu Videoe op TikTok. Nieft diversen Dänz an Challenges sinn awer och Kachrezepter enorm beléift. A genee déi soll et an Zukunft net nëmme fir ze kucken, ma och fir ze schmaache ginn!

Lauschtert hei eran!

Da kuckt een ee Video nom aneren op TikTok mat leckerem Iessen. Den eegene Frigo ass awer eidel. De Mo grommelt schonn, an am léifste wéilt een och deen neiste Food-Trend schmaachen an einfach heem liwwere loosse. Dat wäert gläich méiglech sinn. Vum nächste Joer u wëll een mat engem Liwwerservice fir Trend-Rezepter an den USA starten. Op ongeféier 300 Plaze queesch duerch d'USA solle sougenannte "Ghostkitchens" opgemaach ginn. Dat bedeit, dass an deene Restauranten nëmmen eraus geliwwert gëtt, mee een net do op der Plaz iesse kann. Bis zum Schluss vum Joer 2022 sollen et  souguer schonn iwwer 1'000 esou "Ghostkitchens" ginn.

Wann een dann do bestellt solle Plate wéi "Feta-Tomate-Pasta", "Smash-Burger", oder och "CornRibs" also Spare-Ribs mee eeben aus Mais amplaz Fleesch. All dës Plate sinn op TikTok mega duerchgestart. Esou war d'Pasta mat frëschen Tomaten a Feta dat meescht gegoogelt Rezept vum Joer 2021.

Wat alles drop ass, a wéi d'Menukaart wäert evoluéieren ass awer nach net gewosst. Well esou wéi et bei Trends halt esou ass, si se heiansdo och nees ganz séier eriwwer. Ob d'Platen also just fir kuerz Zäit do si wier villäicht méiglech. Ma wat awer scho sécher ass: d'TikTok-User duerch déi ee Plat viral geet soll och ee Stéck vum Kuch ofkréien. An och aner User mat virale Videoe sollen duerch d'TikTok-Kitchens kënne Sue verdéngen. De Verdéngscht soll deemno virun allem un d'User goen, an net un TikTok selwer.