Déi jonk lëtzebuergesch Sängerin huet seng Debut-Single released an huet dës am Eldo-Interview virgestallt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D’Mæhila ass eng jonk Sängerin déi säit klengem un hei zu Lëtzebuerg wunnt a säit enger Rei Joren immens gär danzt a séngt.

No sengem Ofschloss an der Europaschoul ass hat op Brighton geplënnert fir do op der Universitéit "Performing Arts" ze studéieren.

"Je chante et je dance depuis toujours et c’est pour ça que j’ai voulu étudier l’art de la scène. Je pense que c’est super important et c’est vraiment le métier que je veux faire. Je fais de la musique depuis longtemps mais c’est seulement récemment que j’ai décidé d’enregistrer une chanson et de la poster." 

Fir seng Debut-Single "Gentle" huet d’Mæhila sech mam Produzent Sascha vun Them Lights zesummegedoen. Zesumme mat him war hat dann déi éischte Kéier am Studio.

"J’ai écrit la plupart des paroles moi-même mais avec mon producteur Sacha Hanlet de Them Lights on a aussi coécrit et on a beaucoup travaillé ensemble donc c’est lui qui a produit toute la chanson."

Doraus ass dann eng Single entstanen déi sech bëssen u Musekerinne wéi dem Billie Eilish oder Jorja Smith orientéiert. D’Single soll da weisen, dass een sech och mol soll selwer eppes Guddes doen.

"J’avais écrit ces paroles pendant le confinement. Si je devais décrire la chanson dans trois mots ça serait : Bienveillance, Amour pour soi-même et Reconnaissance."

Vue dass "Gentle" dem Mæhila seng éischt Single ass sinn am Moment awer nach keng Concerten oder Live-Optrëtter geplangt. Trotzdeem wäerte mer nach nei Saache vun him ze héiere kréien.

"Je ne sais pas encore ce que va se passer mais dans tour cas comme j’aime bien et j’ai beaucoup de bon feedback sur ce single "Gentle". Je sais que je veux travailler encore avec Sacha et on va surement travailler sur des morceaux ensemble."