
© Unsplash
Sätz a Froen, déi een un d’Nodenke brénge sollt…
A schonn erëm ass e Joer riwwer. A schonn erëm dauchen iwwerall d’Réckbléck op. D’Noriichten hu sech och dëst Joer nees iwwerschloen, d’Pandemie huet dominéiert a Politik war e ganz grousst Thema. Ma nieft all dëse Saachen ass et net verkéiert mol eng Kéier a sech ze goen a sech bewosst ze ginn, wat ee Perséinleches aus dem Joer 2021 zéie kann.
Och wa sech vum 31. op den 1. net all ze vill ännert, de Joreswiessel bitt sech u fir ze reflektéieren. A falls der dobäi nach e bëssen Hëllef braucht, hei e puer Froen, déi der iech selwer stelle kënnt. Oder dir huelt se mat bei är Famill a Kolleege fir Silvester a maacht den Tour. Jiddereen zitt déi eng oder aner Kaart an esou léiert een net just méi iwwert sech selwer, ma och iwwert seng Léifst.
- Woufir sinn ech dankbar?
- Wat huet mer dëst Joer am meeschte Freed gemaach?
- E Feeler, deen ech gemaach hu war…
- Wéini war ech sou richteg glécklech?
- Wat huet sech a mengem Liewe geännert?
- Wie waren dëst Joer déi 3 wichtegst Mënschen a mengem Liewen?
- Woumat well ech 2022 ophalen?
- Mat wiem hätt ech gäre méi Zäit verbruecht?
- A mat wiem manner?
- Eng Saach déi ech dëst Joer fir eng éischte Kéier gemaach hunn
- Sinn ech zefridden esou wéi et grad leeft?
- Wourop sinn ech 2021 houfreg?
- Wat sinn 3 Saachen, déi ech dëst Joer geléiert hunn?
- Woufir wëll ech an Zukunft méi Zäit investéieren?
- Mat wéi engem Saz / 3 Wierder léisst sech mäi Joer zesumme faassen?
Och wann d’Zäit séier vergeet, kee Joer ass wéi dat anert a mir entwéckelen eis ëmmer weider. Virun allem wann een dat wëll a sech dës Froe stellt. An deem Sënn, op en erfollegräicht a schéint Joer 2022!