Dee ganzen Owend gouf gutt gefeiert ënnert der Famill oder och mat Kolleege. Mee wien raumt d'Buud herno nees mat op?

Et gi ganz verschidden Zorte vu Leit. Och beim Raumen. Mer hunn hei 3 verschidden Type vu Leit emol zesummegefaasst, déi der och villäicht kennt.

Lauschtert hei eran!

1. Den "Ech muss elo leider heemgoen!"-Typ

Der hutt gutt an dat neit Joer era gefeiert. An den Owend ass lues awer sécher eriwwer. Genee dann ass de Moment komm fir deen heite Genre vu Mënsch. Leider, leider, leider mussen si elo ganz dréngend heem an hunn och keng 10 Minutte méi Zäit fir do ze bleiwen an eng Hand mat unzepaken. Nach ier der eppes soe kënnt sëtzen se och schonn am Auto a sinn um Wee fir heem.

2. Den "Ech hu schonn zéng Becheren an d'Poubelle geheit!"- Typ

Och ganz e bësse mat raumen ass nach ëmmer hëllefen! Dat denkt sech deen heiten Typ vu Mënsch. Meeschtens sinn et och déi séier Aufgaben déi vun dëse Leit exekutéiert ginn. D'Zerwéiten, d'Becheren oder villäicht och Kartongs-Telleren an d'Poubellestut geheien, an duerno sech an een Eck vun der Kiche verzéien an de Rescht vun de Snacks vernichten. Also iessen. Ëmmerhin hutt der duerno méi Plaz am Frigo, an effektiv musst der ee klengen Deel vum ganze Knascht manner raumen!

3. Den "Leeë mer lass mam raumen an hëppen dann nach een!"-Typ

Déi heite Leit genéissen et einfach aner Leit ronderëm sech ze hunn! An si hunn dann och kee Problem wann dat da bedeit, dass nach muss mat geraumt ginn. Fir dës Leit nach nom Raume richteg glécklech ze maachen ass och keng Konscht. Et geet do duer sech kuerz dohin ze setzen an zum Schluss nach ee Leschte gemittlech ze drénken an e bëssen ze poteren.