De Massimo kuckt fir iech zréck op seng Top-Picks vum Joer 2021.

2021… Fir d’Kinoen alt erëm e relativ schwéiert Joer. Ëmmer nees goufen et nei Mesuren, déi et de Kinoe schwéier gemaach hunn, de Sall richteg kënnen ze fëllen. Relativ schued vue dass 2021 immens vill Blockbuster erauskoumen. Et ware virun allem déi Filmer, déi wéinst der Pandemie 2020 net konnte released ginn.

Fast and Furious 9

De Franchise vum Vin Diesel huet ee gär oder net. Et gëtt iergendwéi Näischt dotëscht. Fir mech perséinlech huet de néngten Deel alt erëm bewisen, wéi onrealistesch Fast&Furious mëttlerweil ginn ass. D’Fans waren allerdéngs begeeschtert. Zwee Deeler sollen an de nächste Joren nach erauskommen. Dono soll dann awer Schluss sinn.

James Bond - No Time To Die

Et ass dee Film, dee wéinst der Pandemie, mat am dackste verréckelt gouf. Schued, war et nämlech den allerleschten Deel mam Daniel Craig an der Roll vum charismatesche Spioun 007. Ech perséinlech war ni e Fan vum Daniel Craig als James Bond. Seng Figur huet am Film awer en, wéi ech fannen, gelongenen Ofschloss kritt.

The Father

Et ass kee risege Blockbuster mee e Film, dee mech perséinlech begeeschtert huet. Hei geet et ëm en un Demenz erkrankte Mann, dee vum Anthony Hopkins op eng aussergewéinlech Aart a Weis verkierpert gouf. En absolutte Must-See!

Dune

1965 huet de Frank Herbert de Roman Der Wüstenplanet erausbruecht. E Buch, dat an der Vergaangenheet dacks verfilmt gouf. Leider war awer iergendwéi ni eng gescheit Versioun dobäi. De Regisseur Denis Villeneuve huet sech 2021 alt nees un de Stoff erugetraut an iwwerzeegt. E richteg coole Science-Fiction-Epos mat perfektem Cast.

Spider-Man - No Way Home

Et ass net fir Näischt den erfollegräichste Film vum Joer 2021! Ech wëll op dëser Plaz bewosst net ze vill iwwer dëse Film schwätzen... Kuckt iech et un well et ass en gelongen Ofschloss vun der Homecoming-Trilogie.