De Massimo kuckt fir iech zréck op seng Top-Picks vum Joer 2021.

Netflix, Amazon Prime, Disney +, kuerz Streamingdéngschter. Si alleguer hunn duerch d’Pandemie en immensen Opschwong erlieft. An de Contenu on Demand, sief et Filmer oder Serien, ass hautdesdaags richteg gutt.

Squid Game

Wien eng Lëscht zu den Top-Serien vum Joer 2021 mécht, kënnt net laanscht Squid Game. Déi südkoreanesch Produktioun, déi am September erauskomm ass, ass offiziell déi erfollegräichsten Netflix-Serie iwwerhaapt. Se huet kritiséiert, polariséiert ma zäitgläich immens gefesselt. Eng zweet Staffel gouf confirméiert. Wéini dës erauskënnt, steet awer nach an de Stären.

La Casa de Papel

Am Dezember 2021 ass dann och eng vun den erfollegräichsten Netflix-Serien iwwerhaapt op en Enn gaangen. An ech muss soen, esou ee gudde Schluss fir déi charismatesch Gangster-Grupp hat ech mir perséinlech net erwaart.

Red Notice

Bird Box an Extraction war gëschter. Den erfollegräichsten Netflix-Film vun allen Zäiten heescht zanter kuerzem Red Notice. Eng blöd Story, déi fir mech bëssi krass un den Hoer erbäigezu war, ma de Blockbuster huet iwwerzeegt, virun allem wéinst de Schauspiller Gal Gaddot, Ryan Reynold an Dwayne Johnson.

Don't Look Up

Wat géif geschéie wann e gigantesche Komet géif op d’Äerd stierzen? Wéi géif d’Mënschheet reagéieren? Dat behandelt de gesellschaftskritesche Film an deem mech virun allem de Leonardi Di Caprio richteg iwwerzeegt huet.

Cruella

Ganz kloer mäi perséinlechen Top Pick 2021 op de Streamingdéngschter. Et ass d’Virgeschicht vum béise Cruella De Vil, dat mir aus dem Klassiker 101 Dalmatiner kennen. An d’Emma Stone an der Roll vum Cruella? Wat war dat e Genoss!