Neit Joer, nei Krankheet?! Net ganz, mee éischter eng Vermëschung vun zwou Krankheeten.

Hutt der scho vu Florona héieren? Dat ass elo keen neit Jugendwuert dat déi Jonk sech ausgeduecht hunn. Et kënnt effektiv vun Dokteren, a mécht hinnen e bësse Suergen.

Hannert Florona verstoppe sech zwou verschidde Krankheeten. Eemol eisen ale Bekannten an Erzfeind zanter 2 Joer: de Coronavirus, respektiv de Covid-19. An dann nach "Flu", also dat englescht Wuert fir "Gripp". Déi gëtt et jo och nach ëmmer. An déi zwee si sech elo relativ no komm. Dat bei enger schwangerer Fra aus Israel, déi net geimpft war.

Lauschtert hei eran!

An der leschter Zäit gouf et nieft Covid-Infektiounen och nees méi Fäll vun der klassescher Gripp an Israel.D'Dokteren hunn hei dann elo festgestallt, dass d'Fra vun deenen zwou Krankheete gläichzäiteg infizéiert ass. Esou eng Vermëschung vun deenen zwee Viren ass schonn zanter Ufank vun der Corona-Pandemie gefaart ginn.

Wisou kënnt esou eng Vermëschung dann elo? Ma ganz einfach: de Social Distancing gëtt ëmmer manner. An esou komme mer, an och eis Vire sech nees méi no. Esou eng Infektioun ass och virun allem da gutt méiglech, wann den Immunsystem vun enger Persoun scho méi schwaach ass. Ob dee Fall an Israel och wierklech deen alleréischte Fall vu Florona ass, ass net sécher. Et ka gutt sinn, dass sech Persoune schonn duebel infizéiert haten, mee et net opgefall war, well d'Symptomer fir béid Krankheete sech immens änelen. Oder well eng Persoun asymptomatesch war.