Passend zur "Harry Potter Reunion" hei e puer Plazen, un deenen der iech bal wéi zu Hogwarts oder an der Winkelgasse fillt.

1. Edinburgh

Eng Stad déi all "Harry Potter"-Fan roueg besiche kann: déi schottesch Haaptstad Edinburgh. Nieft ganz vill Geschicht, erënneren d'Stroossen d'Fans vun der Zaubererwelt ganz vill un d'Winkelgasse. Kleng, enk Stroossen, een Haus un dem aneren a vill Charme! Donieft huet Edinburgh dann och nach ënnert anerem ee Schlass oder ee botanesche Gaart ze bidden. An och eng Rei kleng Buttiker a Baren opweises, déi "Harry Potter" orientéiert sinn.

Lauschtert hei eran!

2. "Livraria Lello" zu Porto

Porto ass och eng wonnerschéi Stad an der een eemol Sonn tanken, a villes entdecke kann. A fir d'"Harry Potter"-Fans gehéiert d'Livraria Lello ganz kloer dozou. D'Bichergeschäft gouf 1869 opgemaach. An 2013 gouf et ënner Denkmalschutz gesat. D'J.K Rowling huet an den 90er Joren eng Zäit zu Porto gelieft, a soll och reegelméisseg an d'Livraria Lello komm sinn. Wat net wonnert: et ass ee wonnerschéint Gebai, mat villen Highlights wéi zum Beispill enger geschwongener Trap aus Holz. Wien d'Livraria Lello wëll kucke goen muss awer 5 Euro Entrée bezuelen, déi beim Kaf vun engem Buch ofgerechent ginn.

3. Veianer Schlass

Wien net nach wäit wëll reesen, huet och eng Chance op magesche Feeling hei zu Lëtzebuerg! Bei eis stinn nach ëmmer eng ganz Rei Buergen a Schlässer, déi och wierklech gutt ënnerhale sinn. Eent dovun steet natierlech zu Veianen. Déi mëttelalterlech Befestegungsanlag steet schonn zanter dem 11. Jorhonnert. An do kann een och definitiv sech spiere wéi zu Hogwarts. Och ee klengen Harry Potter inspiréierte Fotoshoot kann een an deenen heite Mauere maache wann ee Loscht huet.