De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount Januar ugekuckt a fir iech seng Top-Picks erausgesicht.

Netflix :

Op Netflix fënnt een zanter dem éischte Januar déi komplett Harry Potter Saga. Perfekt also wann ee mol eng Kéier Weekends en Hangover huet.

Fir Serienfans ass da vum 15ten un déi komplett us-amerikanesch Comedy-Kult-Serie The Office disponibel (Staffel 1-9).

A Fans vun Actionfilmer an dem Keanu Reeves kënnen sech den 23ten op John Wick 3 freeën.

Amazon Prime Video :

Wa mir scho beim Keanu Reeves sinn, zanter dem éischte Januar ass déi komplett Matrix-Trilogioe um Streamingdéngscht ze fannen (Also déi gutt Matrix-Filmer. Iwwer de véierten Deel wëlle mir op dëser Plaz net schwätzen).

E Film, deen een opmanst eng Kéier a sengem Liewe muss gesinn hunn, ass Scarface mam Al Pacino aus dem Joer 1983. Den 31ten Januar heescht et dann Say Hello To My Little Friend.

Disney+ :

All Mëttwoch kënnt eng nei Episod vun The Book of Boba Fett eraus. Wien Fan vun The Mandalorian war, sollt dës Serie net verpassen.

De 7ten Januar kënnt dann e Film eraus, dee mir haut nach ëmmer Pippi an den Ae mécht. Marley und Ich ass eng schéi Geschicht iwwer d’Frëndschaft tëscht Mënsch an Déier.

Den 12ten kënnt dann de neie Marvel-Film The Eternals eraus, deen eréischt viru kuerzem am Kino gelaf ass. Hei awer am beschte scho wärend dem Owesiessen ufänke well en dauert richteg laang.

Zum Schluss nach den Oscar-Priméierten-Blockbuster The Shape of Water op deen een sech de 14ten ka freeën.