D'Aarbechtskolleege wäerten iech Merci soen. De Chef? Dat bleift ofzewaarden

Bei gudde Virsätz ass et wéi mat de schlechten Ugewunnechten, am Prinzip wëll jidderee vu muer un dru schaffen. Muer kënnt dann awer komescherweis ni. Ma mir hunn eis e puer Virsätz fir den Job erausgepickt, déi missten definitiv ëm ze setze sinn, ob de Chef se och esou gutt fënnt, dat fanne mer dann an den nächste Wochen eraus.

Einfach mol e Kaffi siche goen (oder aner Leit drun erënneren, dass se och mol un der Rei sinn)

E frëndlechen «Hallo» ass vill Wäert, e «wéi geet et dir?» héiert een och gäre vu Kolleegen, ma wat hieft d’Motivatioun nach e Stéck méi: E gudde Kaffi! Leit, et ass e give and take. Heiansdo gëtt een e Patt, heiansdo kritt een een. Dofir denkt drun heiansdo einfach mol eng Ronn Kaffi ze schmäissen an d’Stëmmung um Büro opzelackeren well genee dat mécht den Aarbechtsalldag jo méi einfach: Eng labber Atmosphär a gutt gelaunten Aarbechtskolleegen.

Net direkt op all Mails äntweren

Kennt der déi Leit, déi iech eng Mail schreiwen an 1 Minutt drop schellt den Telefon «hey ech krut nach keng äntwert vun dir!». Wow, et sinn tatsächlech 60 Sekonne vergaangen an deenen ech mech getraut hunn eppes aneres ze maache wéi meng Mailen am Speedy Goncales Tempo ze beäntwerten. Natierlech muss ee seng Mails am An hunn an dës beäntwerten, ma d’Welt geet net ënner wann een heiansdo mol méi laang brauch. Maacht iech an aneren net ze vill Stress, de Betrib leeft trotzdeem virun a wie weess villäicht souguer besser wéi wann een direkt genervt äntwert. Wann et wierklech dringend ass, kann ee sech och ëmdréinen an eppes face to face uschwätzen oder den Telefon an de Grapp huelen.

Och mol eng Paus maachen

Dat heescht elo net dass der méi oft a méi laang Sitzungen op der Toilette sollt maachen, falls der do scho Stonne verbréngt ass et villäicht e gudde Virsaz dës ze reduzéieren. Duerchootme léisst et sech nämlech besser virun der Dier. Schléisst iech äre Fëmmkolleegen einfach mol un a gitt mat raus, stellt iech e Meter op d’Säit, dass der den Damp net anootme musst, mee winnt iech un heiansdo einfach mol bis raus ze goen. Di ganzen Zäit virum Ecran sëtzen deet weder den An, nach dem Kapp oder der Kreativitéit gutt. Kritt e bësse Beweegung an ären Alldag awer och mol Rou. Huelt iech Zäit fir Pausen a vergiesst och net eppes z iessen, dofir sollt ee sech ëmmer Zäit huelen, an domat sinn net 5 Minutte gemengt an deenen een e Bréichte virum Computer inhaléiert.

RTL

© Unsplash

Zäitmanagement

Dat geet jo u sech Hand an Hand mat där Saach vun de Pausen. Esou wichteg et ass sech ze erhuelen, maacht dat villäicht net moies wann de Wecker scho geschellt huet. Sidd pünktlech do, sief et um Büro wéi och am Home Office wann den digitale Meeting lass geet a kommt preparéiert. Maacht iech ufanks der Woch schonn en timetable wat di ganz Woch usteet an esou kënnt der iech opdeele wéini wat muss gemaach ginn. Domat huelt der iech Drock eraus a maacht iech an och äre Mataarbechter d’Liewe méi einfach.

Dem Chef och mol Feedback ginn

All Mënsch gëtt kritiséiert, gelueft oder bewäert. Ma wann d’Aarbechter dës Gespréicher mussen iwwert sech ergoe loossen, wéi wär et dann domat de Spiiss ëmzedréinen? Villäicht freet de Chef sech jo och emol doriwwer Feedback ze kréie well just esou kann een draus léieren. Passt just hei villäicht op är Formuléierung op. Soss ass den nächste Virsaz villäicht deen en neien Job ze fannen.