Sief et de Bols, wéi vill mer stinn oder wéi déif mer schlofen: eis clever Auere sammele ganz verschidden Infoen iwwert eis Gewunnechten an eis Gesondheet.

Smartwatches sinn enorm beléift. Dat well een eemol weiderhi mam Smartphone connectéiert ass. Mee och well ee ganz vill Informatiounen iwwert déi eege Gesondheet kréie kann.

Duerch d'Smartwatch si mer eigentlech ëmmer beschtens informéiert. Sief et op eng SMS, een Uruff oder och eng Noriicht via Social Media ukomm ass. Mee dat ass net eleng de Grond wisou vill Leit esou gären eng Smartwatch amplaz vun enger klassescher Auer unhunn. Fir vill Leit ass besonnesch de Fitness- a Gesondheetsaspekt wichteg.

Lauschtert hei eran!

Egal ob mer eis beweegen oder schlofen, miessen d'Smartwatches zum Beispill eise Bols mat. Verschidde Modeller hu souguer d'Méiglechkeet Onreegelméissegkeete beim Häerzschlag festzestellen. An dofir muss een emol keng speziell Applikatioun eroflueden. Dës si meeschtens schonn direkt op der Smartwatch drop, a kucken nieft dem Bols och wéi vill Kalorie mer verbrauche, wéi vill mer schlofen oder wéi vill mer setzen.

Esou si vill Leit duerch hir Smartwatch motivéiert sech méi ze beweegen, méi Waasser ze drénken a mat Zäite schlofen ze goen. Dat ass och eigentlech ganz positiv. Et dierf just net zu engem Zwang ginn all Zil vun der Auer z'erreechen. Oder direkt a Panik auszebrieche wann de Bols emol méi séier geet wéi erwaart. Souwisou ersetzen d'Smartwatches ni den Dokter, obwuel een Donnéeë sammele kann an dann dem Dokter dës beim nächste Rendez-Vous weise kann. Et gëllt ëmmer eng Balance ze halen, an heiansdo och eng Smartwatch emol net ze vill "smart" ze notzen.