Am Fliger ginn et eng ganz Rei Geräischer. Verschiddener kommen duerch de Fliger selwer. Ma anerer déi een u Bord héiert hunn awer eng kloer Bedeitung.

Signaltéin ginn et iwwerrall. Och am Fliger. Dës si virun allem fir d'Personal u Bord wichteg, mee villäicht hutt der se scho méi oder manner bewosst héieren an iech gefrot wisou dat grad komm ass?

"Ping"

Dat hei ass een einfache kuerzen hellen Toun. Wann der dëst Geräisch héiert, bedeit dat, dass äre Fliger déi richteg Fluchhéicht erreescht huet. Vill Airlines spille mëttlerweil och dëst Geräisch of ier eng Uso u Bord gemaach gëtt, fir d'Fluchpassagéier net z'erféieren.

Lauschtert hei eran!

"Dong"

Wann de Fliger dann op der optimaler Héicht ass, geet och d'Zeechen aus, dass ee muss ugestréckt sinn. Direkt nodeems dëst Luuchtsignal ausgeet, héiere mer dann ee méi däischtert Geräisch, dat wéi "Dong" kléngt. Ab deem Moment dierf een dann och op d'Toilette goen, oder aus enger Täsch am Handgepäck eppes eraus huelen. Dat selwecht Geräisch héiere mer och nees, wann mer eis zum Schluss nees mussen ustrécken.

"Ding Dong"

Dëse Signaltoun besteet aus zwee Téin, déi mer och vun enger Hausdier kennen: een hellen Toun als éischt, dee liicht nohallt, an een zweete méi däischteren duerno. Dës Téin si fir d'Membere vun der Crew geduecht, wa si sech ënnerteneen uruffen.

"Ding"

Een hellen Toun dee kuerz nohallt. Dësen ass d'Zeeche fir d'Membere vun der Crew, dass ee Passagéier eppes froe wëll oder brauch an ertéint soubal ee Passagéier den "Service" Knäppchen dréckt.

"Ding Ding"

Dee selwechten Toun wéi virdrun just zweemol hannertenee bedeit, dass de Fluch esou gutt wéi fäerdeg ass. Dësen héiert een 10 Minutten ier et mat der Landung lass geet. An ass Zeeche fir d'Crew, dass nach lescht Aufgabe musse gemaach ginn. Dee selwechten Toun héiere mer nach eemol ier d'Landung dann ufänkt.