Wirtschafstkris, Kannibalismus, Zerfall vun der EU an Dout vun engem grousse Politiker. Esou mécht den Nostradamus engem dach Loscht op dëst Joer, oder?!

Obwuel en am 16. Jorhonnert gelieft huet, gëtt den Nostradamus och haut nach vill genannt. De Grond dofir si seng Gedichter déi en zu Liefzäite verfaasst huet. Dora wëlle vill Leit och haut nach Prophezeiunge fir eis Zäit haut erkennen. Wat steet da fir dëst Joer um Programm?

Eemol wëllen Interprete vum Nostradamus sengen Texter erausgelies hunn, dass dëst Joer eng enorm wirtschafltech Kris op eis duerkënnt. Duerch Inflatioun wieren eis Suen dann näischt méi wäert, an eng Hongersnout soll doduerch opkommen. Déi géif esou wäit goen, dass d'Leit mat Kannibalismus ufänken. Kléngt spaasseg oder?

Lauschtert hei eran!

Donieft soll d'Zeil "Wéi d'Sonn wäert de Kapp dat liichtend Mier versigelen. Déi lieweg Fësch am schwaarze Mier wäerte bal kachen." viraussoen, dass et mat der Äerderwiermung extrem séier weider geet, vill méi wéi d'Leit denken.

An engem aneren Ofschnëtt vum Gedicht, soll den Nostradamus dann d'Zerbrieche vun der EU viraussoen. Nostradamus-Fuerscher wëllen dat an der folgender Zeil eraus gelies hunn: "Helleg Tempel aus der Réimerzäit wäerten d'Fundamenter vun hirer Grënnung ofleenen." Obwuel den Nostradamus héchstwahrscheinlech ni eppes vun der EU héieren huet.

Ausserdeem soll "den abrupten Dout vum éischte Charakter verännert ginn an een aneren a säi Kinnékräich bréngen". Wann der iech elo frot: "Hä?!" Ma do ass ee sech bal sécher dass d'Queen stierft. Oder de Kim-Jong Un. Oder den Joe Biden. Oder soss een aneren?

Déi ganz Viraussoen do muss een net all ze eescht huelen. Méi oft hunn d'Deitunge vum Nostradamus sengen Texter net zougetraff. An d'Sprooch vu senge prophetesche Gedichter ass esou vague an ongenee, dass een esou zimmlech alles eran interpretéiere kann.