Fir déi 16t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganzen Reportage

De Chris Reitz huet wéi ganz vill Museker hei am Land ugefaangen an der Museksschoul Gei ze leieren an och de Solfège ze maachen.  Doduerch huet hien dann och seng Léift zu der Musek fonnt an huet duerno seng Première och op der Musekssektioun ofgeschloss.

Vue dass dem Chris säi Papp selwer Geie baut, koum hien dann och ganz frei dozou dëst Instrument ze leieren.

"Mäi Papp huet och bei eis am Haus geschafft vue dass hien do och säin Atelier hat. An wéi mir ganz kleng waren ier mer an d’Schoul gaange sinn hu mir do och ganz vill Zäit verbruecht well hien dann eben doheem war. An ech sinn do da bëssen opgewuess an dofir war dat een natierlech Schrëtt soen ech mol."

Duerno huet de Chris awer ugefaange mat der elektrescher Gei nodeems hien sech u Museker wéi dem Lindsey Sterling inspiréiert huet. An der Zäit huet hien dann och seng éischt Band "Anthem Of The Sun" mat Kolleege gegrënnt.

Wéi hien dunn awer säi Solo-Projet "All Reitz Reserved" gegrënnt huet, ass hien dann awer bëssen an eng aner Museksrichtung gaangen.

"Et ass relativ elektronesch, a vill baséiert op d’Gei. Et ass och instrumental dat heescht ech sangen net oder sou. Wann ech et elo misst an ee Genre aklasséieren da wier et bëssen Downtempo wat dann ebe bësse méi lues a moody ass."

RTL

© Lynn Theisen

Fir d’Rocklab Pop Up Sessions hunn sech d’Organisateure rëm eng ganz speziell Loction erausgesicht. Dës Kéier gouf de Video am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher opgeholl a gefilmt. Vue dass de Chris och vill Natur a seng Musek afléisse léisst war hien natierlech direkt mat dobäi.

"Ech ginn och selwer raus an d’Natur ophuele fir déi Saachen herno an der Musek ze verschaffen, also déi Téin déi eis äert eis gëtt. Grat wann ee Musek mëscht déi keen Text huet fir déi awer bëssen an engem Setting ze verankeren ass et immens flott wann ee Geräischer vum Bësch drënnerleeë kann oder vum Waasser oder de Wand."

Et war also dee perfekte Setting fir dem "All Reitz Reserved" seng Rocklab Pop Up Session opzehuelen. Wärend dem Set konnt de Chris dann zwee Lidder spillen, vue dass seng Lidder bësse méi laang daueren.

An Zukunft wäert de Chris dann och eng Rei nei Saache releasen wou hien eis awer nach näischt dovunner verrode wollt. Mir kennen also  gespaant si wat mir an den nächste Méint nach vum Projet "All Reitz Reserved" wäerten héieren.