Heiansdo vergiesse mer, dass et och nach aner Weeër gi wéi deen, deen ee grad geet.

D'Bezéiung, den Job an d'Leit ronderëm een, dat sinn alles Elementer, déi Deel vun eisem Alldag sinn an een am beschte Fall och net dagdeeglech a Fro stellt. Ma heiansdo mécht een et net just aus Zefriddenheet net mee well een esou an der eegener Routine dran ass oder well een Angscht viru Verännerung huet. Egal wéi vill Changementer verschidde Froen a virun allem d'Äntwerten dorop ausléisen, se kënnen eis nei Perspektive ginn.

1. Sinn ech glécklech a menger Bezéiung?

Dacks mierkt ee réischt spéit, dass d'Bezéiung een net méi glécklech mécht. Ma och de Géigendeel kann de Fall sinn an et stellt ee fest, dass ee sech ëmmer an ëmmer erëm fir de Partner/d'Partnerin decidéiere géif.

2. Wie si meng wierklech Frënn?

An domat ass elo net gemengt, dass ee seng Frënn a Fro stelle soll mee déi eege Relatioun zu dësen. Hutt der Leit an ärem Frëndeskrees, mat deenen der eigentlech guer net esou vill ze dinn hutt an et méi ustrengend ass Kontakt ze hale wéi et iech eigentlech gutt deet? Quantitéit geet hei net iwwer Qualitéit an tëschemënschlech Bezéiunge verännere sech, dofir braucht der kee schlecht Gewëssen ze hu wann der mat verschiddene Leit iergendwann keng Gemeinsamkeete méi hutt an dowéinst keng Energie an dës Relatioune stiecht.

3. Géif ech mech nach emol fir dësen Job/Studium decidéieren?

A wann net, wat géif ech léiwer maachen? Et ass zwar e grousse Changement, ma et ass ni ze spéit fir dësen unzegoen. Dacks hält eis Routine an eis Aarbechtsmoral dovun of eis Zelter ofzebriechen a komplett vu vir unzefänken. Stress an Onzefriddenheet sinn hei d'Konsequenz, dobäi ass et ni ze spéit d'Beruffsliewen nach emol ze changéieren oder en neie Studium unzefänken. Mir gi laang genuch schaffen, kuckt, dass et iech wéinstens e bësse Spaass mécht.

Lauschtert hei eran!

4. Wann ech elo eng Millioun gewannen, da géif ech...

Auswanderen? Mäin Hobby zu mengem Beruff maachen? Oder hutt der soss e verréckten Dram? A wie seet iwwerhaapt, dass e verréckt ass?! Oft hänke mer eis Dreem un onrealistesch Events, ma frot iech mol ob der wierklech e Lotto-Gewënn bräicht fir ären Dram ze realiséieren.

5. Wat géift der nach emol genee esou maachen?

Keng schéi Virstellung mee wat wär wann der just nach e puer Deeg ze liewen hätt? Woura géift der är Energie stiechen, wie géift der treffen a wat wéilt der nach maachen? Alles Froen, déi iech vill iwwert äert aktuellt Liewe verroden an iech verdäitleche kënne wourop der iech an Zukunft konzentréiere sollt. Esou gëtt engem och séier bewosst ob ee grad wierklech aktiv lieft oder d'Liewen éischter un engem laanscht zitt.

Falls der no dëse Froen, d'Gefill hutt äert Liewe komplett op de Kapp ze stellen, da gëtt et villäicht Zäit fir Verännerungen.