Een neit Joer steet fir Neies, fir Verännerung. Wat bréngt dëst Joer dann ärem Stärenzeechen? Fannt et hei eraus!

Widder

Rout

Dës Faarf steet fir Energie a Léift. Eis Widdere si voller Elan fir dëst Joer unzegoen, a wäerten zwar och déi eng oder aner Enttäuschung erliewen, ma Léift fir d'Leit ronderëm si mécht nees alles besser.

Stéier

Giel

Fir eis Stéieren bedeit et dëst Joer op Zack se sinn! Dës Faarf steet fir Spontanitéit, Gléck an Hoffnung! Also sidd bereet fir alles méigleches, mee dat virun allem am Positiven! An och wann et emol méi schwéier gëtt wiermt d'Hoffnung iech wéi d'Sonn.

Zwilling

Turquoise

Et gëtt Zäit fir eis Zwillinge sech nees op hir Intuitioun ze verloossen. Weider wäert dëst Joer manner stresseg gi fir iech, wat och grouss Auswierkungen op är Energie an allgemeng Verfaassung huet.

Kriibs

Violett

Dës Faarf wäert déi méi hëtzeg Momenter vun de Kriibsen ofkillen. Der fannt dëst Joer eng ganz eege Spiritualitéit, déi net onbedingt eppes mat Relioun ze dinn hutt. Och wa verschidde Situatiounen iech Kappzerbrieche bereeden, léiert der zouversiichtlech ze bleiwen.

Léiw

Wäiss

Et ass Zäit eng nei Säit opzeschloen! Genee wéi d'Faarf Wäiss steet dëst Joer fir Neies am Liewen. Doriwwer eraus loosst der de Chaos hannert iech. Doduerch kënnt der är Energie elo an nei Projete stiechen.

Jongfra

Brong

Dës Faarf bréngt mat sech, dass dëst Joer vill am Zeeche vun der Éierlechkeet steet. Éierlechkeet mat ärem Ëmfeld, ma virun allem iech selwer. Doduerch léiert der iech nei kennen. An: Brong ass d'Faarw vun der Gesondheet

Wo

Rosa

Bei eise Woen gëtt et dëst Joer Zäit nees méi verréckt ze sinn an eppes ze woen. Rosa bréngt vill positiivt denke mat sech. Ausserdeem gëtt et dëst Joer ganz dacks romantesch fir iech.

Skorpioun

Hellblo

Eigentlech sinn d'Skorpioune gäre mol skeptesch oder zweifelen. Ma dëst Joer wäert d'Faarf hellblo iech awer ee ganzt neit Vertraue schenken. An är Matmënschen, är Zukunft an och iech selwer.

Steebock

Mocha

Wéi d'Faarf vum Kaffi, kritt der dëst Joer een extra groussen Energie-Kick. Ausserdeem wäert der fir vill Leit eng Stäip sinn, ma awer och genee dat nees en Retour kréien vun den iech wichtege Leit.

Schütze

Orange

Obwuel dës Faarf zimmlech onbeléift ass, steet se fir Kreativitéit a Jugend. Fir d'Schützen ass 2022 d'Zäit vum Opbléien. Si wäerte ganz nei Passiounen entdecken an sech allgemeng immens wuel an hirer Haut fillen.

Waassermann

Gréng

Freet iech Waassermänner: d'Faarf gréng wäert iech vill Harmonie an Stabilitéit bréngen. Dës braucht der och no deene leschten opreegende Joren. Ausserdeem wäert dir als Mënsch weider wuessen an um Schluss vum Joer vill Negatives hannert iech gelooss hunn.

Fësch

Däischterblo

Dës Faarf wäert iech ganz vill Rou mat an d'Liewe bréngen. Där loosst iech net méi sou einfach aus dem Takt geheien. Wéi d'Wellen am Mier bleift der konstant. Der loosst iech net méi verréckt maache vu Klengegkeeten.