D'Omicron-Variant vum Coronavirus ass éichten Erkenntnisser no, däitlech méi ustiechend ewéi d'Delta-Variant.

D’Omicron-Variant vum Coronavirus hält den Ament jo d’Welt an Otem. A villen europäesche Länner ginn den Ament Rekorder bei den deeglechen Neiinfektioune mam Coronavirus gezielt. Ma wat ass den Ament eigentlech iwwert dës nei Mutatioun gewosst? Eldoradio huet sech mam Professer Paul Wilmes vun der Uni Lëtzebuerg iwwer dës Mutatioun ënnerhalen.

Omicron aktuellen Erkenntnisser no ronn duebelt sou ustiechend ewéi Delta

Wéi de Professer Paul Wilmes vum Luxemburg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg erkläert, géifen et den Ament eng ganz Partie virleefeg Donnéeën zu der Iwwerdrobarkeet vun der Omicron-Variant vum Coronavirus ginn. Dës géifen aus enger Partie Etude stamen, vun deenen een eng, déi aus Frankräich kënnt, besonnesch ervirhiewe misst. Dës kënnt zu der Konklusioun, dass d'Omicron-Variant vum Coronavirus 105 Prozent méi iwwerdrobar ass ewéi d'Delta-Variant. Deemno kann dës nei Variant also ongeféier duebelt esou einfach iwwerdroe ginn ewéi d'Delta-Variant. Dat wier dem Paul Wilmes allerdéngs nëmmen dann de Fall, wann ee vun engem optimisteschen Zenario ausgoe géif. Et kéint deemno sinn, dass déi nei Variant vum Coronavirus nach méi iwwerdrobar wier.

Infektiounszuele wäerte wuel wärend deenen nächste Wochen op engem héijen Niveau bleiwen

De Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg, geet dann och dovunner aus, dass d’Zuel vun deenen deeglechen Neiinfektiounen op d’mannst wärend deenen nächsten zwou Woche weider op engem héijen Niveau bleiwe wäerten. Dat well d'Leit iwwer d'Feierdeeg jo nach relativ Kontakt mateneen haten.

Lauschtert hei de Reportage!

3 Impfdosisse schützen zousätzlech virun enger Hospitalisatioun

Wat Krankheetsverlaf ugeet, géifen dann zwou brittesch Etüden zu der Konklusioun kommen, dass de Risk vun enger Hospitalisatioun no enger Infektioun mam Omicron méi geréng wier, ewéi no enger Infektioun mat der Delta-Variant. Eng vun dësen Etüde kënnt zu der Konklusioun, dass de Risk vun enger Hospitalisatioun no enger Infektioun mam Omicron nëmme 50 Prozent esou héich wier ewéi no enger Infektioun mat der Delta-Variant. D'Warscheinlechkeet fir no enger Infektioun mam Omicron op der Intensivstatioun ze landen ass dann nëmmen 30 Prozent esou héich ewéi bei der Delta-Variant.

De Risk, fir no enger Infektioun mat der Omicron-Variant hospitaliséiert ze ginn, géif iwwerdeems duerch d’Impfung däitlech reduzéiert ginn. Béid brittesch Etüde kommen nämlech zu der Conclusioun, dass 3 Dosisse vun engem Vaccin géint de Covid-19 am Schnëtt zu iwwer 80 Prozent virdru schützen, no enger Infektioun mat dëser Mutatioun an d’Spidol ze kommen.