Beim Coronavirus handelt et sech aktuell em eng Pandemie. Experte ginn allerdéngs dovunner aus, dass de Virus iergendwann eng Kéier endemesch wäert ginn.

Am Prinzip kann ee soen, dass all Pandemie eng Kéier als Epidemie ufänkt. Vun enger Epidemie schwätzt een nämlech, wann eng Krankheet an enger bestëmmter Regioun vun der Welt – dat kann e Land, e puer Länner oder e Kontinent sinn- ausbrécht an sech séier an dëser Regioun ausbreet.

Wann et geléngt d’Krankheet an dësem Stadium ënner Kontroll ze bréngen, ass dat am Prinzip d’Enn vun der Geschicht. D’Krankheet ass an deene meeschte Fäll allerdéngs net aus der Welt. Villméi se kann ëmmer nees an der Regioun vun der Welt an där se ausgebrach ass optrieden. Allerdéngs verbreet se sech net méi esou séier ewéi bei enger Epidemie. Bei esou Krankheete schwätzen d’Experte vun enger Endemie. Eng Krankheet gëllt an enger Regioun als endemesch, wann se ëmmer nees an dëser Regioun optaucht a sech an dëser Regioun verbreet. Esou ass Malaria zum Beispill an Afrika, Süd-Asien an an an Deeler vu Südamerika endemesch.

Wann et allerdéngs net geléngt d’Krankheet am Stadium vun der Epidemie ënner Kontroll ze kréien, kann et sinn, dass Dës sech iwwert d’Grenze vun der Regioun an där se ursprénglech ausgebrach ass, ewech verbreet. An dësem Fall schwätzen Experte vun enger Pandemie. Wann eng Krankheet pandemesch ass, verbreet se sech iwwert déi ganz Welt. An dësem Stadium befënnt sech aktuell och de Coronavirus.

D’Chancen, dass eng Krankheet pandemesch gëtt, sinn iwwerdeems besonnesch héich, wann Dës nei ass, an nach wéineg Mënschen Antikierper géint dës hunn. Dacks ass dat bei sougenannten "Zoonosen" – also Krankheeten déi vum Deier op de Mënsch iwwerdroe goufen – de Fall.

D’Fuerscher ginn den Ament iwwerdeems dovunner aus, dass de Coronavirus ni méi ganz verschwanne wäert. Allerdéngs wäert d’Pandemie wuel, nodeems genuch Leit geimpft oder no enger Infektioun immuniséiert sinn, ophalen. De Coronavirus wäert da wuel endemesch ginn an ëmmer nees a bestëmmte Regioune vun der Welt optauchen. Dat dann allerdéngs ëmmer nëmme fir eng begrenzten Zäit.

Lauschtert hei eran!