Wann der nach iergendeng Persoun dovun iwwerzeege musst, dass Hënn eis einfach richteg gutt dinn, liwwere mer iech hei konkret Argumenter!

Hand op d'Häerz: Hënn sinn einfach genial! Natierlech bedeit et Aarbecht sech gutt ëm een Hond ze këmmeren. Mee se ginn eis richteg vill dofir zeréck. An dat och op engem gesondheetlechen Niveau. All dës Punkte profitéieren dovu wann een een Hond huet:

1. Fitness

Wien een Hond huet, an dësen och anstänneg auslaascht muss eraus spadséiere goen. Wien dat all Dag fir minimum zwou Stonnen am Bësch mécht, ass esou scho gären ee gutt Stéck méi aktiv wéi ouni Hond. Wien och zum Beispill nach Agility mam Mupp mécht, beweegt sech nach weider an hält sech an den Hond fit.

Lauschtert hei eran!

2. Bluttdrock

Wéi scho gesot: mat engem Hond trëppelt een. An dës alldeeglech Beweegung huet positiv Auswierkungen op eist Häerz an doduerch och de Bluttdrock. Dat verréngert de Risiko Häerzkreeslaferkrankungen ze kréien oder och een Hireschlag ze hunn.

3. Immunsystem

Ee weidere Gewënner bei den Trëppeltouren ass eisen Immunsystem! Well wie bei all Wieder dobaussen ass, häert sech of! Ausserdeem sollen eis Muppen och gutt sinn fir d'Immunsystem vu Kanner. Deemno hätten Etüde gewisen, dass Kanner mat Hond doheem méi siele krank géife ginn.

4. Stressresistenz

Een Hond mécht eis glécklech, dat ass elo net erstaunlech. Siefd dat duerch heemelen, kuschelen, spillen oder trëppelen. Ma doduerch produzéiert eise Kierper reegelméisseg Serotonin an Dopamin. Gläichzäiteg gëtt d'Stresshormon Cortisol reduzéiert. Mënsche mat Hond sinn also méi optimistesch an entspaant. An dat och wann et emol méi stresseg gëtt.

5. Sozial Kontakter

Persounen déi een Hond hunn, sollen dann och nach méi sozial Kontakter hu wéi Leit ouni. Dat läit nees vill doru wann een dobaussen ass mam Véierbeener. Am Bësch oder soss ënnerwee trëfft ee vill Leit. Déi entweder selwer een Hond hunn, oder vun ärem Stupp ganz verzéckt sinn. An do entsteet dann och séier ee klengt sympathescht Gespréich.