Mat der Single "Bxd Boy" hat de Cibxngo d'lescht Joer eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach!

Beim lëtzebuerger Kënschtler Cibxngo ass an deene leschte Méint vill geschitt. Wéinst sengem Studium ass hien op Köln geplënnert an huet do och vill nei Leit aus der Musekszeen kennegeléiert. Hien huet u ganz ville Projeten geschafft, nei Stiler ausprobéiert an och Songs op Franséisch geschriwwen. Dobäi erauskomm sinn zum Beispill "Milano" a "Mysteries" (feat. Lxzy Bones).

De Cibxngo iwwert seng lescht Méint!

De Cibxngo huet eis dann och verroden, dass hie fir dëst Joer zwee gréisser Releases plangt. Op deem Enge wëll hien de Pop-Punk-Sound vu "Mysteries" weider verfollegen, op deem Zweeten erwaarden eis éischter summerlech Vibes. E gutt Beispill dofir huet de Museker scho mat "More Like This" geliwwert.

De Cibxngo iwwert "More Like This"!

Album releasen, Musekvideoen erausbréngen, mat Choreographen u senge Performance-Skills op der Bün schaffen an Tournéeën ronderëm d'Welt spillen - dat sinn e puer vun den Ziler déi de Cibxngo a senger Karriär wëll erreechen. Donieft wëll hien och seng Méisproochegkeet ausnotzen a weider Musek op anere Sprooche maachen.

De Cibxngo iwwert seng Ziler!
RTL

Cibxngo / © Stephan Böttcher