4K OLED. 120 Hz, 110° FOV, Eye Tracking. Sony verspriecht vill fir déi nei Playstation VR Generatioun.

Esou gutt wéi Virtual Reality sech iwwert déi lescht Joer als Niche mee Zukunfts-verspriechend Hardware op dem PC Maart etabléiert huet, hir Präsenz um Konsole Maart léisst ze wënschen iwwreg.

Microsoft hat sech no dem Flop vum Kinect System mierklech vun dëser Niche distanzéiert a schéngt och fir dëst Generatioun mat der XBOX Series X näischt am Beräich Virtual Reality vir ze hunn. Sony op der anerer Säit hat 2016 mat PS VR eng präiswäert an déi deemools eenzeg Alternativ fir Konsolen-Spiller erausbruecht.

Mam neie Joer huet Sony annoncéiert, dass se mat Virtual Reality an déi zweet Ronn wëlle goen. D’PS VR2 - ok… simpel mee effektiv Nomenclature - an déi nei PS VR 2 Sense Controller sollen déi nei a méi staark Capacitéit vun der Playstation 5 ausnotze fir d’VR Experienz op de neie Standard ze bréngen.

An um Pabeier gesäit et relativ villverspriechend aus fir de VR Nofollger: Déi gréisste Verbesserunge sollen a Form vun der méi heischer Bild Resolutioun vu 4K, dat wiere 2K Resolutioun pro Aen, an integréiertem Tracking vu Kapp- an Ae- Beweegunge kommen. An och déi nei VR2 Controller solle mat Haptic Feedback an Adaptive Triggers mat de Features vun de neier Generatioun ausgestatt ginn.

Mat der Ukënnegung vun der Hardware selwer gouf zum Schluss nach e PS VR2-exklusiivt Spill annoncéiert, Horizon: Call of the Mountain. Eng Kollaboratioun tëscht Guerilla Games a Firesprite soll Call of the Mountain ee Spin-Off vun der Horizon Zero Dawn Serie ginn.

Wéini all déi Goodies erauskomme sollen a villäicht nach méi wichteg, e wéi vill de Spaass kaschte wäert ass nach net kloer, mee et gëtt spannend ze verfollegen ob d’PS VR2 Virtual Reality Spiller wéi Half-Life: Alyx d’Waasser wäert reeche kënnen.