Games Done Quick ass ee Speedrun-Marathon deen 2 Mol am Joer fir ee gudden Zweck gehale gëtt, eng Kéier am Summer an eng Kéier am Wanter.

Iwwer 7 Deeg spille bekannte Gamer all méiglech Spiller esou schnell duerch wéi se kënnen, déi Zort vu Gaming gëtt Speed-Running genannt. Games Done Quick gëtt iwwer Twitch gestreamt an Zuschauer kënnen, wärenddeem se kucken, Sue spenden. D’Sue ginn un Organisatioune wéi "Médecins sans Frontières" oder "Prevent Cancer Foundation" gespent.

Déi lëscht kéier wou ech iwwer Games Done Quick geschriwwen hunn, war et iwwert d’Geschicht vum Event a wéi et vun enger klenger Keller Initiativ zu engem vun de gréisste Gaming Evenementer vum Joer ginn ass.

RTL

© Games Done Quick

Amplaz dee Punkt ze widderhuelen, hei sinn e puer interessant Speed-Runs dëst Joer.

Deathloop, de neisten Titel vun den Dishonored Entwéckler Arkane Studios, ass en immersive Shooter deen de Spiller mat vill Mordgeschier an en Environnement geheit a seet: “Kuck dass du eenz gëss a sief kreativ dobäi.” Deathloop genau wéi Dishonored gëtt esou zu grousse Spillplaatzen an deene Speed-Runner da kënne verreckt spillen, wat dëst Speed-Runs esou interessant mëscht. Vu kreativen Optiméierungen zu absurde Glitches, den Deathloop Speed-Run ass ee gudde Mix tëscht Skill an dem Ausnotze vu Lücken am Spill.

Ee Speed-Run wou ech bal net gleewe kann dass et iwwerhaapt machbar ass, ass Sekiro: Shadows Die Twice. Ee Spill vun den Entwéckler From Software, sinn hir Spiller wéi Demon’s Souls a Bloodborne am bekanntsten dofir dass se… soe mer net déi einfachste Spiller um Maart sinn. FromSoft Fans befier der mech elo casual oder sou nennt, hei ass den Twist fir de Speed-Run. De Runner spillt Sekiro duerch mee mat verbonnenen Aen. Et ass warscheinlech eng vun den extreemsten Erausfuerderunge vun deenen ech bis elo héieren hunn an et garantéiert ee verréckten Ofschloss fir Awesome Games Done Quick.