Déi Lëtzebuergesch Regierung huet schonn 20.000 Dosisse vum Corona-Medikament "Paxlovid" virbestallt.

Beim Corona-Medikament Paxlovid handelt et sech ëm Pëllen, déi vum amerikanesche Pharmakonzern Pfizer entwéckelt goufen. Dës enthalen d’Wierkstoffer Nirmatrelvir a Ritonavir. Nimatrelvir hemmt e Protein vum Coronavirus a suergt domadder dofir, dass Dësen sech net méi am Kierper reproduzéiere kann. De Wierkstoff Ritonavir gëtt iwwerdeems scho fir d’Behandlung vun HIV-Patienten agesat. Bei deem neie Corona-Medikament suergt dëse Wierkstoff dofir, dass de Kierper den Nimatrelvir méi lues ofbaut. Doduerch soll Dëse méiglechst laang am Kierper vum Patient bleiwen.

Wat d’Wierksamkeet betrëfft, ass Pfizer an internen Etüden zu der Konklusioun komm, dass d’Medikament d’Warscheinlechkeet mam Covid-19 an d’Spidol ageliwwert ze ginn, oder am Zesummenhang mat Dësem ze stierwen ëm 90 Prozent reduzéiert, wann Dëst bannent deenen éischten 3 Deeg nom Ufank vun deenen éischte Symptomer agesat gëtt. Eng aner Etüd huet dann erausfonnt, dass d’Warscheinlechkeet mam Virus hospitaliséiert ze ginn oder mat Dësem ze stierwe bei Patienten, déi d’Medikament kruten, ëm 70 Prozent méi niddereg war ewéi bei der Kontroll-Grupp. Onofhängeg Experte ginn den Ament dann och dovunner aus, dass déi nei Pëll wuel och bei der Omicron-Variant vum Virus hëllefe wäert.

D’EMA préift den Ament eng Zouloossung fir den Asaz vum Medikament bei Persounen iwwer 12 Joer, déi liicht bis mëttelschwéier Symptomer, méi ewéi 40 Kilogramm weien a bei deenen de Risk besteet, dass d’Symptomer sech verschlëmmere kéinten.

Trotz all de gudden Noriichten, huet d’Medikament och eng Partie Schwächten. Esou muss et spéitstens 5 Deeg nom Ufank vun de Symptomer ageholl ginn. Dat wärend 5 Deeg. Nëmmen da ka Paxlovid d’Verbreedung vum Virus stoppen.

Dat neit Medikament ass dann och keng Alternativ zu enger Impfung. Dës schützt nämlech präventiv virun enger Infektioun, respektiv virun engem Ausbroch vum Covid-19. Paxlovid kënnt eréischt dann an den Asaz, wann een sech schonn infizéiert huet. Trotzdeem gesinn Experten an deem neie Medikament eng wichteg Ergänzung zu den Impfstoffer. Allerdéngs eng, déi de Gesondheetssystem däitlech méi kascht ewéi d’Impfungen.

Lauschtert hei de Reportage!