D'Zuel vun den Neiinfektiounen explodéiert, hei zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland. Déi aktuell Mesuren bei Rassemblementer: 2G+ a maximal 200 Leit!

Wat heescht dat fir eis Concertshaiser? Wéi ass d'Stëmmung bei hinnen? Wéi gesäit et konkret mat der Programmatioun fir Januar, Februar an doriwwer eraus och Mäerz, Abrëll an de Rescht vum Joer aus? Musse weider Concerte verréckelt ginn? Mir hu 4 Acteuren zu deem Thema befrot!

den Atelier

«Et ass déi Zäit am Joer an där ee sech normalerweis preparéiere géif fir eng nei Saison ze lancéieren. Dat gëtt elo gebremst duerch dee flotten Omikron, mee mir loossen eis awer net ënnerkréien.» (Michel Welter)

Als Fan freet ee sech am Atelier sécherlech virun allem op de Mount Mäerz. Quasi all Dag kann een dann nämlech héichkaräteg Acts ewéi Biffy Clyro, Selah Sue oder och Casper live erliewen. Ob dës Concerten kéinte stattfannen, géif awer virun allem vun där internationaler Situatioun ofhänken, esou de Michel Welter.

De Michel Welter iwwert d'Concerten am Mäerz!

Och beim Booking hätt sech duerch d'Pandemie Villes verännert. Virdrun hätt een op d'mannst 6 Méint am Viraus geplangt, elo wier ee just nach bei engem bis zwee Méint.

De Michel Welter iwwert de Rescht vum Joer!

Rockhal

"D'Stëmmung bei eis ass ganz gutt an optimistesch. Mir hunn en terribel chargéierte Programm virun eis a kucke mat Enthusiasmus an d'Joer eran!" (Olivier Toth)

Trotz dem Optimismus deen een an der Rockhal verspiert wann een op dat ganzt Joer kuckt, wäerten déi éischt Wochen e bëssen duerchwuess ginn. Mat grousse Kënschtler ewéi Gims an ënnert anerem enger Sold-Out-Show vu Måneskin wollt een an d'Concertsjoer 2022 starten. Wéi et domat ausgesäit huet den Olivier Toth eis verroden.

Den Olivier Toth iwwert d'Concerten am Februar!

Iwwert de Februar eraus ass een dann awer relativ zouversiichtlech, dass de Programm vu Mäerz an Abrëll ka stattfannen. Ganz fest ageplangt si bei der Rockhal dann natierlech d'Rendez-vousen fir d'Kulturjoer "Esch2022", zum Beispill d'Imagine Dragons oder d'Black Eyed Peas.

Den Olivier Toth iwwert den Optimismus fir de Summer!

Rotondes

"Mëttlerweil si mir natierlech dru gewinnt Annulatiounen ze hunn a Concerten ze verréckelen, mee esou schlëmm ass et bei eis am Moment net!" (Marc Hauser)

Passen an den Atelier ronn 1200 an an d'Rockhal eppes méi ewéi 6000 Leit eran, hunn d'Rotondes normalerweis eng Capacitéit vun 300 Leit. Deementspriechend hunn de Marc Hauser a seng Ekipp manner Problemer sech un déi aktuell Mesuren unzepassen!

De Marc Hauser iwwert d'Virdeeler vun hirer Venue!

Esou wéi et de Moment ausgesäit géif och de Programm vun deenen nächste Wochen a Méint an de Rotondes ouni gréisser Komplikatiounen oflafen. Et hätt ee bis elo just eng Annulatioun fir e Concert am Mäerz ze verzeechnen.

De Marc Hauser iwwert d'Programmatioun fir déi nächst Méint!

Trifolion

"D'Stëmmung bei eis ass prinzipiell ok, mee et ass einfach ermiddend. Déi permanent Changementer erfuerderen immens vill Aarbecht hannendrun an et huet een d'Gefill et géif een an d'Näischt eraschaffen!" (Maxime Bender)

Fir verschidden Events wier een ëmgaange mat der Santé e Concept Sanitaire auszeschaffen, soss géif awer och am Trifolion den 2G+ an d'Limite vun 200 Persounen applizéiert ginn. Voll ausgelaascht ass een domat awer laang net a generell mécht ee sech Suergen, dass de Public och op laang Dauer ewechbleift.

De Maxime Bender iwwert seng gréisste Suerg!

Fir de Summer hätt ee Wëlles op en Neits an enger Kollaboratioun mam Atelier e puer Outdoor-Events ze organiséieren. Detailer géifen et warscheinlech dann awer réischt kuerzfristeg 2 bis 3 Méint am Viraus ginn. De Maxime Bender schwätzt dann och vu weidere Schwieregkeeten déi ee beim Booking fir déi nächst Méint esou begéint.

De Maxime Bender iwwert d'Schwieregkeete beim Booking!