Léien huet e schlechte Ruff, ma et ass Deel vun der kognitiver Entwécklung

Jidderee vun eis litt an dat dagdeeglech! Sief et Noutligen, aus Héiflechkeet oder zum eegene Virdeel. Ma mir kommen net als Ligener op d’Welt, net ëmsoss seet een ëmmer, dass Kanner brutal éierlech sinn. Fir e Butz gëtt et ufanks just eng Realitéit an dat ass déi eegen a genee dowéinst ass e Kand och ufanks net an der Lag sech an aner Mënschen an deenen hir Logik eranzeversetzen.

Eréischt mat 4 Joer entwéckele sech déi kognitiv Fäegkeeten duerch déi een tëscht Realitéit a Fiktioun ënnerscheed. An zu deem Zäitpunkt gëtt een dann och ëmmer méi mat Situatioune konfrontéiert an deene een ze verstoe kritt, dass Léien ok ass. Ma net just dat, et soll souguer wichteg sinn!

E Beispill: D’Bomi schenkt engem e Pyjama obwuel ee sech eng Spillsaach gewënscht huet. Ma amplaz dat ze soen, kritt ee vun den Eltere vermëttelt dass ee sech freeë soll och wann engem guer net duerno ass. Ausserdeem beobachte se Erwuessener wéi déi eppes erzielen obwuel d’Kanner virdru matkritt hunn, dass dat guer net stëmmt. Léie se dann awer owes an deem se den Eltere soe se hätten d’Zänn scho gewäsch, da ginn dës rosen. E Paradox dee fir Kanner ufanks net einfach ass ze verstoen a bei deem se sech froen «wou ass dann elo d’Grenz tëscht léien a léien?».

Wéi Kanner also déi éischt Schrëtt an d’Onéierlechkeet maachen ass gewosst, firwat mécht och Sënn, ma wichteg ze wëssen ass dann och nach, dass et deels e gutt Zeechen ass wann äre Butz dat neit Wëssen erfollegräich asetzt. Natierlech wëll keen een doheem hunn deen e Profi-Ligener ass, ma Etüden hu gewisen, dass Leit, déi gutt léie kënnen iwwerduerchschnëttlech sozial Kompetenzen, Kommunikatiounsfäegkeeten an Empathie opweisen. Ausserdeem deit et op Kreativitéit hin. Beim Léie musse Realitéiten erschaaft an oprecht erhale ginn an dofir brauch ee kreatiivt Denken a vill Konzentratioun.

Wann äert Kand also ufänkt mat flunkeren ass dat e wichtegen an normale Léierprozess. Natierlech huet alles seng Grenzen an dowéinst sollt een als Eltere wann engem opfält, dass d’Kanner ufänke mat léien léiwer d’Gespréich siche goen an erkläre firwat och Éierlechkeet wichteg ass, ier een direkt mat Strofe kënnt. Esou gi se dem Kand déi eege moralesch Wäerter mat op de Wee, ouni sech selwer ze widderspriechen an a Ligen ze verstrécken.