Eldoradio huet mam Laurent Schley vun der Naturverwaltung iwwert dem Wollef säi Verhältnis zum Mënsch an dem Wollef seng Plaz am Ökosystem geschwat.

Dem Wollef säi Verhältnis zum Mënsch

Wéi de Laurent Schley, "Directeur Adjoint" vun der Naturverwaltung erkläert, stellt de Wollef fir de Mënsch keng Gefor duer. Dësen ass nämlech e wëllt Déier a geet dem Mënsch an der Reegel aus de Féiss. Am Fall, wou een trotzdeem e Wollef begéine géif, soll een dem Laurent Schley no, de Moment dann einfach genéissen a sech glécklech schätzen, dass een d'Chance huet, e Wollef vun Noem ze gesinn. Duerno wäert een da gesinn, dass de Wollef sech zimmlech séier nees verzéie wäert.

Wann een elo an der Natur ë Wollef begéint an Dësen een net direkt bemierkt, soll een d’Déier op seng Presenz opmierksam maachen a sech kloer als Mënsch ze erkenne ginn. Dat mécht een am Beschten, andeems ee sech grouss opstellt, seng Hänn an d'Luucht hieft an haart schwätzt. De Wollef wäert da relativ séier senger Wee goen.

Lauschtert hei de Reportage!

Bei deenen eenzeg dokumentéierte Fäll an deenen e Wollef e Mënsch ugegraff huet, hätt et sech allkéiers ëm e Wollef gehandelt, dee mat der Tollwut infizéiert war. Wéi de Laurent Schley erkläert, wier d’Tollwut an der ganzer Groussregioun allerdéngs zënter ronn 20 Joer net méi present. Déi wëll Tollwut gouf nämlech duerch déi entspriechend Impfung ausgeläscht.

De Wollef spillt eng wichteg Roll am Ökosystem

De Wollef géif als sougenannten Top-Predateur dann och eng ganz wichteg Roll am Ökosystem wouerhuelen. Dat well Dësen ënner anerem grouss Planzen-Fréisser an der Gidd hält. Wéi de Laurent Schley erkläert hätt dat allerdéngs guer net eemol esouvill domadder ze dinn, dass de Wollef d’Bestänn vun dësen Déiere reguléiere géif. Villméi géif de Wollef duerch seng Presenz dofir suergen, dass grouss Planzen-Fréisser ewéi zum Beispill Réi a Wëllschwäi méi vigilant musse sinn. Wann nämlech e Wollef an der Géigend ass, mussen si méi dacks hier Plaz wiesselen, fir dass de Wollef si net esou liicht räisse kann. Dat féiert dann deementspriechend dozou, dass si net méi permanent op der nämmlechter Plaz d'Planzen iesse kënnen. Virun allem beim Réi a beim Rout-Hirsch, hätt et ee gudden Afloss op de Bësch, wann déi net ëmmer op der nämmlechter Plaz stoen, a méi ronderëm zirkuléiere géifen.

Wat maachen ech, wann ech Béischten hunn?

Eng Fro, déi sech Leit, déi Béischten, ewéi zum Beispill Schof oder Geessen, am Fräien halen sech elo stellen, ass natierlech déi ob si hier Déieren elo besonnesch schütze mussen. Wéi de Laurent Schley erkläert, géif dat duerchaus Sënn maachen, wa sech bis e Wollefsruddel an engem Gebitt installéiert hätt. Fir dee Fall huet d'Naturverwaltung dann och zesumme mat de relevanten Acteuren aus de Beräicher vun der Wëssenschaft, der Juegd, de Privat-Bëscher an der Landwirtschaft, de sougenannte Wollef-Management-Plang ausgeschafft. An Dësem fënnt een ënner anerem Informatiounen doriwwer, wéi een seng Béischte schütze kann, wéi eng finanziell Ënnerstëtzung ee fir d'Ariichtung ee vun esou engem Schutz zegutt huet a wéi eng Entschiedegungen ee kréie kann, wann eent vu vu senge Béischte vun engem Wollef gerass gouf.

Ass e Wollef ëmmer am Ruddel ënnerwee?

Zum Schluss bleift dann nach d'Fro ob et sech beim Wollef am Raum Wëntger dann elo ëm en eenzele Wollef handelt, oder ob sech net vläicht awer e Wollefsruddel hei am Land installéiert huet? Am Allgemengen ass de Wollef jo als Ruddel-Déier bekannt. Ma wéi de Laurent Schley erkläert, wier e Wollef net säi ganz Liewe laang an engem Ruddel ënnerwee. Wëllef ginn nämlech mat 2 Joer aus dem Ruddel an deem se opgewuess sinn, ausgestouss a ginn dann op Wanderung. Op dëser Wanderung leeën si da bis zu 2.000 Kilometer zeréck. Wa si dann ee Partner fannen an et hinnen an enger Géigend gefält, kënnen si do Jonker kréien. Sou entsteet dann e Ruddel, dat an engem Revéier vun enger Gréisst vun ongeféier 200 bis 300 Quadratkilometer lieft. Am Fall vum Wollef, deen an der Géigend vu Wëntger identifizéiert gouf, hätt een den Ament nach keng Indikatioun dofir, dass hei nach weider Wëllef ënnerwee wieren. D'Naturverwaltung behält d'Situatioun awer weiderhin am A a kuckt, wéi sech dës entwéckelt.

Bei der Naturverwaltung huet een sech iwwerdeems schonn zënter e puer Joer op de Retour vum Wollef virbereet. Dowéinst huet een dann och eng Broschür, an där een alleguerten déi wichteg Informatiounen iwwert dës Déier noliese kann, ausgeschafft. Dës kann een dann och gratis bei der Naturverwaltung bestellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 247 56 65 2.