20 Joer no der Aféierung vum Euro soll elo 2022 den Euroschäin nei designt ginn. D'Morningshow huet sech där Aufgab mam Eldoland ugeholl.

Wann eis Geldschäiner schonn e neie Look kréien, firwat soll d'Eldoland dann net der europäescher Zentralbank eege Proposë rareeche vu méiglechen Designer vun den Euroschäiner an dat mat Motiver aus dem Eldoland?

Dofir huet d'Morningshow sech zur Aufgab gemaach déi 6 Schäiner nei ze entwerfen an huet den Numm vun der Wärung direkt mat opgefrëscht: G€LDO.

Fir datt op den neie Schäiner direkt méi spektakulär Motiver si wéi op den aktuellen, op deenen e just Brécken a Fënstere gesäit huet d'Morningshow 3 Kategorië kreéiert fir jeeweils 2 Schäiner mat deene Motiver ze bedrécken: Hausdéieren, Autoen a Mënschen.

D'Eldoland konnt an all Kategorie hier Foto raschécken. An du gouf Geld gemaach.... oder éischter designt!

Hausdéieren

Hei ass den 5 G€LDO-Schäin mam Jessie sengem Villchen PiuPiu an der Kaz Kookie:

RTL

© Eldoradio

Hei ass den 10 G€LDO-Schäin mam Sarah sengem glécklechen Pärd:

RTL

© Eldoradio

Autoen

Hei ass den 20 G€LDO-Schäin mam Chris senger Rennmaschinn:

RTL

© Eldoradio

Hei ass den 50 G€LDO-Schäin mat engem CGDIS-Gefier:

RTL

© Eldoradio

Mënschen

Hei ass den 100 G€LDO-Schäin mam Sunnyboy:

RTL

© Eldoradio

Hei ass den 200 G€LDO-Schäin mam Gérôme:

RTL