D'Elektromobilitéit mécht ëmmer nees grouss Schrëtt no fir. Nodeems Tesla do quasi den Ufank gemaach huet, zéien aner Autoshiersteller no.

Lauschtert eran

Am Kader vun der CES-Foire zu Las Vegas, huet Mercedes-Benz den EQXX virgestallt. Een neien Elektroauto dee méi wéi futuristesch ass. Dobäi steet net d'Leeschtung am Fokus, mee d'Effizienz. Aktuell handelt et sech heibäi just ëm ee Prototyp, et gëtt eis allerdéngs ee gudden Abléck dorop, wat an deenen nächste Joren a punkto Elektromobilitéit ze erwaarden ass. Den EQXX huet nämlech elo schonn eng Reechwäit vun 1000km.

D'Kapazitéit vun der Battrie läit hei bei 100kWh. Déi soll nämlech och a méi klengen Autoe verbaut kënne ginn an ass nëmmen hallef esou grouss wéi déi vum Mercedes-Benz EQS. Dat speziellt un deem ganze sinn dann déi 117 Solarzellen déi um Dag vum Auto verbaut sinn. Déi sollen, am Idealfall, d'Reechwäit nach eng Kéier ëm 25 Kilometer erhéijen.

D'Gewiicht vum Auto ass och eppes wat ee bei Elektroauto vun der Gréisst net dacks gesäit. Mat engem ''Leergewicht'' vun 1750 KG ass dat fir een Elektroauto extrem wéineg. Donieft ass am Cockpit ee 47,5 Zoll Display mat 8k Opléisung verbaut, dee sech iwweregens iwwert déi ganz Breed erstreckt.

Ob genau dësen Auto jeemools esou wäert verkaf ginn, dat steet nach an de Stären. De Mercedes-Benz déngt hei éischter als Designbasis an als Spender vun Iddie fir zukünfteg Elektroautoe vu Mercedes.