Den obligatoreschen 3G op der Aarbecht trëtt de 15. Januar a Kraaft. Mir hunn déi wichtegst Informatiounen iwwert dës Mesure fir iech resuméiert.

Mam obligatoreschen 3G op der Aarbecht, muss all Persoun, déi op hier Aarbechtsplaz geet, vollstänneg géint de Coronavirus geimpft oder no enger Infektioun mat Dësem nees geheelt sinn. Wien dat net ass, wäert en negative PCR-Test, dee maximal 48 Stonnen oder en negative Schnell-Test, dee maximal 24 Stonnen al ass, virweise mussen. Fir Persounen, déi sech aus medezinesche Grënn net kënnen impfe loossen, sollen eegen Ausname-Reegele gëllen.

Dës Tester mussen ausserhalb vun der Aarbechtszäit gemaach ginn an déi Betraffe musse selwer fir d’Käschten opkommen. Hei gëllt awer eng Ausnam fir Persounen, déi hier éischt Dosis vun enger Impfung scho kruten an nach op hier 2. Dosis waarden. Deemno krut all Ugestallten, deen zënter dem 16. Dezember seng éischt Dosis vun enger Impfung krut, 20 Coden zur Verfügung gestallt. Mat Dëse kann een sech an engem vun deene 5 Test-Zentere vun der Lëtzebuerger Arméi Rendezvousen huelen, fir gratis zertifiéiert Schnelltester gemaach ze kréien. D’Rendezvousen, kann een op “covidtesting.lu” huelen.

Persounen, déi den 3G net erfëllen, dierfen net op hier Aarbechtsplaz goen. Am Prinzip besteet hei d’Méiglechkeet, sech mat sengem Patron dorops ze eenegen, aus dem Homeoffice ze schaffen. Fir de Fall, dass et net zu esou engem Accord kënnt, muss dee concernéierten Ugestallten, fir déi Deeg, déi hien net schafft, op säi Congé zeréckgräifen. Fir de Fall, dass och dat net geet, kritt hien, fir déi Deeg, déi hien net kënnt, dann och keng Pai. Bei den Enseignanten, déi bei hirem Congé jo un d'Schoulvakanze gebonne sinn, gëllt hei eng aner Reegelung. Si mussen, fir déi Zäit, déi si net schaffe ginn, kee Congé huelen. Si kréien, déi Zäit, déi si net op der Aarbecht sinn, vun hirem Zäitspuerkont ofgerechent.

An de Verhandlungen tëscht de Gewerkschaften, dem Patronat an der Regierung gouf allerdéngs festgehalen, dass eng Persoun, déi wéinst dem 3G op der Aarbecht net schaffe kënnt, net entlooss dierf ginn. Si bleift deementspriechend krankeverséchert an de Patron muss och wärend maximal 64 Schaffstonne weiderhi fir si an d’Pensiounskeess abezuelen. Allerdéngs kann de Patron an dësem Fall d’Part salarial, déi hie jo da matbezilt wärend deenen éischte 6 Méint nom Enn vum der Mesure vun der Pai vum Ugestallten ofzéien.

Den obligatoreschen 3G op der Aarbecht gëllt bis den 28. Februar inclus.

Lauschtert hei de Reportage!