Ee chineeseschen E-Kommerz Gigant huet seng éischt physesch Geschäfter an Holland opgemaach...

Wee kennt et net: et bestellt een eppes online, an soubal een d’Bestellung ofschéckt, kann een et schonn kaum méi ofwaarden dass den Bréifdréier dann endlech mam Päkchen virun der Dier steet. Ma genau déi Ongedold well ee chineeseschen E-Kommerz Gigant engem elo erspueren. D’Firma huet nämlech den 10. Januar hei an Holland seng zwee éischt physesch „Roboter Geschäfter“ opgemaach, zu Leiden an zu Rotterdam.

Den Prinzip ass einfach: et gëtt een seng Bestellung online op, an dann geet een se den nämmlechten Dag an d’Geschäft sichen—garantéiert doduerch dat Roboteren am Geschäft d’Aarbecht iwwerhuelen. Wat dës Geschäfter dobäi soll vum „normalen“ Akafen ënnerscheeden, ass d‘Iddi, dass een op enger Platz alles fannen soll. D’Firma mëscht nämlech Reklamm domat, all déi Saachen am Sortiment ze hunn, déi een sou kéint brauchen: vu Kleeder a Liewensmëttel, bis zu Elektronik a Spillsaachen. Doropshin hunn ech dann natierlech eng Réi Saachen bestallt, fir dat ganz auszetesten. E puer Stonnen drop stoung ech dann tatsächlech am Geschäft, fir meng Bestellung sichen ze goen. Dat ganz huet méi wéi een Showroom ausgesin wéi een Geschäft: Et stoung quasi eidel, gefëllt nëmmen mat e puer Dëscher wou Produiten aus dem Webshop ausgestallt goufen. Bei engem groussen Bildschierm hunn ech dann den QR code deen d’App mer ginn huet gescannt, an doropshin hunn ech duerch d‘Fenster e Roboter duerch d’Rayone fueren gesinn, fir meng Bestellung sichen ze goen. D’Këscht mat mengen Saachen huet en dann op d’Fërderband gesat, an innerhalb vun zwou Minutten koum se op der anerer Säit bei mir un.

RTL

© Eldoradio

Eng interessant Erfarung war et op jiddefalls, ma op dës Aart vun Akafen zu mengem Alldag gëtt, dat bezweifelen ech fir den Moment nach. Ma laut Amerikaneschen Medien kéint dës Entrée vun JD.com am Europäeschen Marché eng eventuell Menace fir Amazon duerstellen—die hunn jo viru kuerzem och Keessenlos Supermarchéen opgemaach. Op dat geschitt gesinn mer jo dann villäicht an Zukunft.