Net all Schluss vun enger Bezéiung gesäit een onbedingt kommen. Ma heiansdo ginn et och schonn am Viraus Zeechen, dass net alles gutt ass.

Et gi bal ëmmer Unzeechen wann eppes net gutt klappt. Dat och an enger Partnerschaft. Et gi verschidde Signaler déi een och eescht huele soll wa se an enger Bezéiung opkommen. Well se och een definitive Schlussstréch mat sech brénge kënnen. Oder villäicht heiansdo och sollten.

Kee Sträit

Beim Thema Sträit gëtt et ëmmer eng Mooss. Ze vill Sträit bréngt eng Belaaschtung mat sech. Mee absolut kee Sträit ass och net normal. Well egal wéi änlech ee sech ass, oder wéi dack een enger Meenung ass: et ass net ëmmer esou. Dofir wann der an ärer Koppel all Problem just ignoréiert, a léiwer näischt méi sot, amplaz och emol mateneen ze diskutéieren, gëtt et kritesch. Bei engem Sträit soll et net drëms goen deen anere fäerdeg ze maachen, mee ze soen, wat ee bedréckt, an zesummen no enger Léisung ze sichen. A wann dat net geschitt, kann een net méi mateneen wuessen an enger Relatioun.

Lauschtert hei eran!

Wënsch verheemlechen

All Mënsch huet Bedierfnisser. An et muss een och net all eenzele Wonsch deen ee verspiert dem Partner oder der Partnerin erzielen. Ma wann der iech awer dobäi erwëscht, dass der all är Wënsch a Besoinen net matdeelt, aus Angscht virun der Reaktioun vun ärem Géigeniwwer, ass et problematesch. Et ass ëmmer wichteg, dass een an enger Bezéiung doru schafft Kompromësser ze schafen. Dat stäerkt d'Bindung tëscht deenen zwee Partner. Mee wann der nëmmen nach fäert är Meenung ze soen, gitt der offensichtlech net gewäertschätzt.

Finanze streng kontrolléieren

Bei de Finanzen an enger Koppel gehéiert och kloer Vertrauen dozou. Wa béid Partner schaffen, brénge se och allebéid zousätzlecht Kapital mat an d'Bezéiung. An och wa just ee Partner schafft, soll ee sech bei de Sue scho vertraue kënnen. Sou laang ee vun de Partner net exzessiv op deem anere seng Käschte shoppe geet, an doduerch och d'Finanze vun der Koppel riskéiert, gëtt et kee Grond do iwwermoosseg Kontroll auszeüüben. Ma wann der iech awer fir all Akaf bei ärem Partner justifiéiere musst, an och all Kontoauszuch bis op dee leschten Cent kontrolléiert gëtt, ass et Zäit äre Partner ze froen ob en iech iwwerhaapt vertraut.