Beim Fakt wie Bluttspenden dierf hei zu Lëtzebuerg gëtt nach ëmmer een Ënnerscheed bei der sexueller Orientéierung gemaach. Mee ass dat iwwerhaapt logesch?

Mer schreiwen d'Joer 2022. Gläichberechtegung gëtt a villen Aspekter grouss geschriwwen. Bei enger Saach dierf awer net jidderee matmaachen. An zwar beim Bluttspenden. Do gëtt hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer gekuckt wien ee gären huet. Mer hu mam Tom Strauch vun de Jonken Demokraten Lëtzebuerg iwwert dëse Sujet geschwat.

A ganz ville Länner dierfen homosexuell a bisexuell Männer kee Blutt spenden. Reng theoretesch dierf jiddereen hei zu Lëtzebuerg Blutt spenden. Mee an der Realitéit ass dat awer net wierklech de Fall.

Lauschtert hei eran!

Deemno dierf een homosexuellen oder bisexuelle Mann nëmmen ënnert enger Konditioun säi Blutt spenden. An dat wann e mindestens 12 Méint laang um Stéck, kee Geschlechtsverkéier hat mat engem anere Mann. An dobäi ass do ganz egal op dës Persoun scho jorelaang genee dee selwechte Partner huet. Bei heterosexuelle Persounen, oder och homosexuelle Fraen ass dat vill manner komplizéiert. Hei gëtt ee just vum Bluttspenden ausgeschloss, wann een an deene leschte 4 Méint seng Geschlechtspartner gewiesselt huet.

Wéi kënnt een dann op dës 12 Méint bei homosexuellen oder bisexuelle Männer? "Dat ass komplett willkürlech ausgewielt" esou den Tom Strauch. Et gëtt absolut keng wëssenschaftlech Basis fir dës Abstinenz-Period, wéi den Tom erkläert. Den HIV-Virus ass nämlech 3 bis 4 Méint no engem ongeschützte Rapport noweisbar. Virun allem ass dës Period net logesch, well jo och net gekuckt gëtt ob een an enger konstanter Bezéiung ass. A bei homosexuelle Frae gëtt jo och net ënnerscheet. "Just nach bei bisexuelle Fraen, déi Sex mat engem bisexuelle Mann haten". Déi ginn dann och nees gespaart fir d'Bluttspenden.

A wien hält dës Mesure fest? "Hei zu Lëtzebuerg ass dat d'Croix Rouge. Si hu mam Stat eng Konventioun fir d'Bluttspende bei eis am Land." A si definéiere wéini wien Blutt spenden dierf. Wisou d'Croix Rouge net een anere Wee geet, wéi a Groussbritannien oder och elo rezent a Frankräich ass eng gutt Fro. Hei gëtt dat individuellt Risikoverhale gekuckt. Also ass et do egal wéi eng sexuell Orientatioun een huet, just de Wiessel vu Geschlechtspartner ass hei wichteg.

Well d'Zäiten un deenen ee geduecht huet, dass just homosexuell Männer un HIV erkranken si scho laang hier. Do huet d'Wëssenschaft eis scho viru ganz laanger Zäit gewisen, dass dat absolut net stëmmt. E bësse méi Gläichberechtegung an dem heite Fall géif virun allem eppes mat sech bréngen: méi Bluttspenden, a krank Persounen deenen doduerch kéint gehollef ginn. An dat misst jo méi wichteg si wéi eng sexuell Orientatioun.