Bei der Uwendung vun engem Corona-Schnelltest ass engem séier mol e Feeler ënnerlaf.

D’Schnelltester spillen eng wichteg Roll an der Corona-Strategie vun der Regierung. Ënner anerem an de Schoulen, kommen Dës reegelméisseg an den Asaz. Hei sollen si fir eng fréizäiteg Erkennung vun den Infektioune suergen a verhënneren, dass et zu Infektiouns-Clustere kënnt. Ëm esou méi wichteg, ass et deementspriechend, dass een dës Tester och korrekt benotzt.

Dës gëllen an der Reegel nämlech als zimmlech zouverlässeg. Allerdéngs kann et sinn, dass esou en Test eng Infektioun net erkennt, wann déi viral Belaaschtung vun der betraffener Persoun net héich genuch ass. Dat selwecht ka passéieren, wann déi viral Charge vum Ofstréch dee geholl gëtt ze niddereg ass.

Wéinstens bei deem 2. Probleem kann et hëllefen, wann een den Ofstréch, dee beim Test analyséiert gëtt op déi richteg Manéier mécht. Fir, dass dat de Fall ass, muss een de Schnelltest genee esou uwenden, wéi et an der Beschreiwung steet. Esou ass, d’Warscheinlechkeet, dass een dat richtegt Resultat ugewise kritt, am gréissten.

Bei deene meeschte Schnelltester gëtt den Ofstréch an der Nues gemaach. Hei ass et virun allem wichteg, dass een sech mam Watt-Stäbchen déif genuch an d’Nueslach erafiert. Op d’mannst 3 Zentimeter déif soll de Staf am Nueslach sinn, éier een e 5 mol dréit. Dës Prozedur muss ee bei béiden Nueslächer duerchféieren.

Duerno muss een de Stäbche mam Ofstréch 1 Minutt laang an d’Ampull mat der Test-Flëssegkeet leeën. Éier een de Staf dann aus der Ampull hëlt, sollt een en an Dëser ausdrécken. Dat mécht een, andeems een d’Ampull mam Staf dran eng Kéier kuerz zesummendréckt.

Beim nächste Schratt muss een dann d’Flëssegkeet aus der Ampull op de Punkt um eigentlechen Test drëpse lassen. Hei gëllt dann de Motto “net ze vill an net ze wéineg”. An der Reegel gi 4 Drëpse vun der Flëssegkeet duer.

Schliisslech muss een op d’mannst 15 Minutte waarden, bis den Test engem d’Resultat uweist. Virun allem wann d’Infektioun net esou staark ass, kann et nämlech esou laang daueren, bis den Test engem e positiivt Resultat uweist. Deemno sollt een den Test net no 3 Minutten ewechgeheien, wann Dësen nach net positiv ass.

Wann dir dës Schrëtt korrekt duerchféiert, ass d’Warscheinlechkeet, dass ären Test iech dat korrekt Resultat uweist am gréissten.

Lauschtert hei de Reportage!