D'Wierkstoffer CBDA an CBGA sollen de Coronavirus dorun hënneren a gesond Zellen anzedréngen.

Cannabis ass deene meeschte Leit jo nëmmen als illegal Droge e Begrëff. Ma an deene leschte Joerzéngten interesséiere sech allerdéngs och ëmmer méi Fuerscher fir dës Planz. Meeschtens sinn si dorunner interesséiert, ob een ee vun deene sëllege Wierkstoffer aus der Planz fir medezinesch Zwecker notze kann. Fuerscher aus dem US-Bundesstaat Oregon haten sech déi Fro rezent am Bezuch op de Coronavirus gestallt. Bei hirer Etüd sinn si nawell op interessant Erkenntnisser gestouss.

Lauschtert hei de Reportage!

Wierkstoffer aus der Cannabis-Planz sollen de Coronavirus nämlech dorun hënneren a gesond Zelle vum mënschleche Kierper anzedréngen. Zu dëser Konklusioun kënnt eng Etüd vu Fuerscher vun der “Oregon State University” an der “Oregon Health & Sciences University”.

Fir dës Etude haten d’Fuerscher de Spikeprotein mat deem d’Alpha- a Beta-Variant vum Coronavirus u mënschlech Zellen undockt am Labo nogebaut a gekuckt wéi verschidde Wierkstoffer aus der Cannabisplanz mat Dësem interagéieren. Dobäi hat sech erausgestallt, dass d’Wierkstoffer CBDA an CBGA sech un de Spike-Protein bannen an Dësen esou dorun hënneren Zellen ze penetréieren.

Ma ass Cannabis dann elo dat neit Wonnermëttel géint de Covid-19? Bei dëser Fro ass d’Äntwert vun de Fuerscher e kloren “Nee”. Déi éischt Resultater vun den Experimenter géifen zwar dorops hindeiten, dass 2 Moleküllen aus der Planz géint d’Andrénge vum Virus a gesond Zellen hëllefe kéinten. Dësen Effekt gouf  bis ewell awer nëmmen a Reagenzglieser am Labo nogewisen. De mënschleche Kierper wier allerdéngs vill méi komplex ewéi e Reagenzglas an aus dem Gros vun de Labos-Experimenter mat villverspriechende Resultater géifen sech am Endeffekt keng wierksam Therapien ofleede loossen.

Allerdéngs sinn d’Fuerscher vun aneren Universitéiten, déi d’Etüd vun de Wëssenschaftler aus Oregon iwwerpréift hunn, sech eens, dass d’Resultater vun der Etüd interessant genuch wieren, fir d’Wierksamkeet vun deenen 2 Cannabis-Moleküller weider ze erfuerschen.

Een Appell riichten awer alleguerten d’Fuerscher, déi sech bis ewell mat der Wierksamkeet vum Cannabis géint de Coronavirus beschäftegt hunn, un d’Leit dobaussen: ,,Kiffen hëlleft net géint de Coronavirus!” Bei engem Virus, deen op d’Longen an d’Otemweeër schléit, wier d’Inhaléiere vun Damp mat dat Schlechtst, dat ee maache kéint. Ausserdeem sollt ee bei enger Infektioun mam Coronavirus och net op eege Fauscht CBD-Ueleg anhuelen.

Ofschléissend muss een also soen, dass weider Fuerschungen néideg sinn, éier kloer feststeet ob Wierkstoffer aus dem Cannabis an der Lutte géint de Coronavirus hëllefe kënnen.