Videospiller wieren, Microsoft no, ee vun den zentrale Bausteng vum sougenannte Metaverse.

Et war sécherlech déi gréissten Noriicht zënter Laangem an der Welt vun de Videospiller: Microsoft keeft de Spill-Entwéckler Activision/Blizzard fir ronn 69 Milliarden $. Ma wat ass d’Motivatioun hannert dësem Kaf a wat bedeit dat dann elo fir d’Gamer? Fir dës Froen ze beäntweren, muss ee virun allem 2 Saache verstoen: De sougenannte Metaverse an déi ëmmer méi wichteg Roll vun de Videospiller um globale Marché vun de Fräizäit-Aktivitéiten.

Videospiller, virtuell Realitéit an de Metaverse

D’Course ëm de Metaverse ass antëscht voll am Gaangen. Dat ass spéitstens zënter der Noriicht, dass Microsoft de Spill-Entwéckler "Activision/Blizzard" fir 69 Milliarden $ kafe wëll, kloer.

Fir dee gréissten Deal an der Geschicht vun der Gaming-Industrie ze verstoen, muss een als éischt emol wëssen, dass den Internet wéi mir e kennen sech den Ament an enger Iwwergangsphas befënnt. Aus dem klasseschen Internet, dee kloer vun der realer Welt ofgetrennt ass, soll de sougenannte Metaverse ginn. Dat ass eng Welt, an där dat Technologescht a Virtuellt quasi fléissend mat der realer Welt verschmëlzen.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Mam Kaf vun Activision/Blizzard wëll sech Microsoft an der Course ëm de Metaverse eng besser Positioun verschafen. Wéi d’Firma an engem Statement op hirem Internetsite matgedeelt huet, wiere Videospiller en zentralen Deel vun dëser neier Welt. D’Fachwelt ass sech eens, dass et nëmmen nach eng Fro vun der Zäit ass, bis Spiller déi an enger virtueller Realitéit stattfannen, fir de grousse Public accessibel sinn an d’Gamer vëlleg mat hire Spiller verschmëlzen.

Videospiller: Vum Nischen-Produit zum Milliarde schwéiere Marché

Ma och, wann een de Metaverse op der Säit léisst, ginn et duerchaus Grënn, wéinst deenen de Kaf vun Activision/Blizzard aus der Siicht vu Microsoft Sënn maachen dierft. Videospiller sinn nämlech scho laang keen Nischen-Produit méi. Déi global Gaming-Industrie huet mëttlerweil eng Valeur vu bal 200 Milliarden $ a wiisst all Joers weider. Domadder ass Gaming e méi grousse Marché wéi Musek a Kinosfilmer zesummen.

Mam Kaf vun Activision/Blizzard gëtt Microsoft dann elo deen drëttgréisste Spill-Entwéckler op der Welt hannert "Tencent" a "Sony" a festegt seng Positioun op engem Marché, deen an de leschte Jore vun enger Dynamik, an där grouss Firmen anerer opkaaft hunn, gepräägt war.

Positiv oder negativ Konsequenze fir d'Gamer?

Bleift nach d’Fro, wat dat alles dann elo fir d’Gamer bedeit. Hei ass et den Ament nach ze fréi fir konkret Prognosen ze maachen. Kuerzfristeg dierften si sech wuel doriwwer freeë kënnen, dass si mam Microsoft Game Pass Zougang zu méi Spiller kréie wäerten. Laangfristeg, kéint dës Fusioun allerdéngs och negativ Konsequenzen hunn. Wann e puer grouss Firmen nämlech den Zougang zu ëmmer méi Spiller kontrolléieren, kënnen Dës dann och méi fräi bestëmme wat dësen Zougang kaschte soll. Hei stellt sech also d’Fro op d’Zocken an den nächste Joren zwar méi accessibel, dofir awer och méi deier wäert ginn.